“Dat sinn zwar ëmmer nach ze vill Affer, ma am Verglach zu 2013 huet sech d’Zuel vun déidleche Verkéiersaccidenter ëm 49 Prozent reduzéiert”, sou de Mobilitéits- an Transportminister François Bausch.
2013 koum et nämlech zu 41 déidlechen Accidenter mat 45 Affer. Am Joer 2021 waren et der just nach 21 mat 24 Doudegen. Insgesamt ass och d’Zuel vun de schwéier Blesséierte liicht erofgaange vun 316 (2013) op 267 (2021). D’Zuel vun de liicht Blesséierte bei Accidenter ass awer e bësse geklommen.
Déi heefegste Grond fir Stroossenaccidenter ass ëmmer nach d’Vitesse. Dës war 2021 fir 9 déidlech Verkéiersaccidenter verantwortlech. Positiv ass awer, dass sech hei d’Zuelen däitlech verbessert hunn. “Et mierkt een, dass Radaren, déi verstäerkte Vitesskontrollen duerch d’Police a mobil Radaren eppes bewierken”, sou d’Explikatioun vum Minister François Bausch.
Negativ Observatioune ginn et awer wat dem Alkohol an Drogen ugeet. D’Zuel vun den déidlechen Accidenter wéinst Alkoholafloss war vun 2016 bis 2018 e gutt Stéck erofgaangen. D’lescht Joer koum et op eise Stroossen awer zu 7 déidlechen Accidenter wéinst Fueren ënnert Alkoholafloss an zu 40 Accidenter mat Schwéierblesséierten. Dësen Trend ass och bei den Drogen erëmzefannen. Véier vun den am Ganzen 21 déidleche Stroossenaccidenter waren op Fueren ënnert Drogenafloss zeréckzeféieren. Dobäi kommen nach 12 Accidenter mat Schwéierblesséierten.
Et gëtt awer nach e weideren negativen Trend, deen am Mobilitéitsministere schockéiert. Bei ëmmer méi Accidenter mat Schwéierblesséierten oder Doudegen haten déi Betraffe kee Sécherheetsgurt un.

Dëst mécht dem Ministère Suergen, dofir wéilt een an noer Zukunft rëm méi iwwert d’Wichtegkeet vum Sécherheetsgurt sensibiliséieren. De Sécherheetsgurt ka schwéier an déidlech Blessuren nämlech verhënneren. Dat misst gewosst sinn, sou de Mobilitéitsminister.
Déi meescht schwéier an déidlech Accidenter geschéien iwwerdeems op der Landstrooss, déi wéinegst op eisen Autobunnen. Wat d’Landstroossen ugeet, misst ee weider u méi séchere Strécke schaffen. Hei sollen op geféierleche Plazen da weiderhi Beem ëmgeplanzt ginn oder Leitplanken dobäi kommen. Et gëtt awer och weider op Policekontrollen a Radare gesat.
Besonnesch noutwenneg sollen d’Streckeradaren an den Autobunnstunnelle sinn. Vill Leit wiere sech nämlech ëmmer nach net bewosst, wéi geféierlech en Accident bei héijer Vitesse an den Tunnelle wier, kritiséiert de François Bausch. “Et gëtt keng Méiglechkeet auszewäichen. En Zesummeprall gëtt hei séier zu enger Massekarambolage an d’Autoe gi vu Mauer zu Mauer gestouss. Genee dofir ass héich Vitesse hei en enorme Risk. An et gëtt trotz Vitesslimitatioun ëmmer nach enorm gerannt. Zemools an de laangen Tunnellen op der Nordstrooss kann een dat observéieren.” Genee dofir huet de Mobilitéitsminister nei Streckeradaren annoncéiert. An noer Zukunft sollen déi dann an all Tunnelle vun der Nordstrooss kommen.

D’Iddi vun de Streckeradaren an den Tunnelle gëtt och vun der Sécurité Routière gedeelt. Ee klenge Kritikpunkt hätt een awer. “De Vitesse-Panneau mam Changement vun der Vitesse muss méi fréi ze gesi sinn an net réischt kuerz virum Tunnel. Et brauch ee jo och e bëssen Zäit fir ofzebremsen respektiv den Bremssystem vum Auto brauch méi laang. Wier d’Ännerung vun der Vitesse méi fréi ze gesinn, kann ee verhënneren, dass Leit protokolléiert ginn, déi sech eigentlech un d’Vitesse hale wëllen, awer réischt ze spéit ofgebremst kréien”, fënnt de Paul Hammelmann, President vun der Sécurité Routière.
De ganze Bilan iwwert d’Stroossenaccidenter kënnt Dir hei noliesen. D’Zesummefaassung vun den techneschen Enquêten fannt Dir hei.