
Greenpeace, Mouvement écologique, Natur an Ëmwelt, SOS Faim an de CELL. Si bedaueren an engem gemeinsame Communiqué e Mëttwoch, datt d’Regierung op en Neits d’Diskussioun iwwert de Gebrauch vun honnerte Milliounen Euro u Steiergelder op eng Diskussioun mat de klasseschen Interessi-Vertrieder vun der Landwirtschaft géing begrenzen, woubäi den Ëmweltorganisatiounen no d’Agrarpolitik enk mat de Froe vu Klima- Biodiversitéit a Konsumenteschutz geknäppt wier.
Dës Positioun gëtt och vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft ënnerstëtzt, déi beim Sommet vertrueden ass.