Bobësch a WëldbréckËmweltministère a Biergerinitiativ si sech net eens

Diana Hoffmann
Anne Wolff
D’Wëldbréck soll an Zukunft déi zwee Bëschgebidder lénks a riets vun der Strooss tëscht Käerjeng a Suessem verbannen.
Bobësch: Ëmweltministère a Biergerinitiativ si sech net eens
D’Wëldbréck soll an Zukunft déi zwee Bëschgebidder lénks a riets vun der Strooss tëscht Käerjeng a Suessem verbannen.

Bobësch a Wëldbréck / Reportage Diana Hoffmann

Virum Verwaltungsgeriicht goung et nees ëm de Bobësch zu Käerjeng. Nodeems d’lescht Woch de President vum Tribunal an engem Schnellverfaren decidéiert hat, dass d’Aarbechten un der Gasleitung um CR110 tëscht Käerjeng a Suessem, dee laanscht de Bësch féiert, kënnen ugoen, goung et dëse Méindeg ëm eng geplangte Wëldbréck op dëser Stréck.

D’Wëldbréck soll an Zukunft déi zwee Bëschgebidder lénks a riets vun der Strooss tëscht Käerjeng a Suessem verbannen. Méiglecherweis gëtt dës Strooss och eng Kéier un de Käerjenger Contournement ugebonnen.

De Vertrieder vum Ëmweltministère, de Joé Ducomble stellt awer kloer: “D’Wëldbréck an de Contournement hunn u sech näischt mateneen ze dinn. Ausser dass se an der selwechter Gemeng sinn. De Contournement ass en eenzele Projet, deen aus verschiddene Grënn an der Kritik steet. Deen ass awer haut net diskutéiert ginn.”

Dat gesinn d’Membere vun der Biergerinitiativ vun der Gemeng Suessem, déi sech schonn zanter Jore géint de Käerjenger Contournement, deen duerch de Bobësch soll féieren, asetzen, awer anescht. Hinnen ass net kloer, wisou d’Gasleitung grad elo soll méi déif geluecht ginn, fir spéider ënnert der Bréck erduerch ze féieren. D’Affär Wëldbréck wier jo schliisslech eréischt e Méindeg plaidéiert ginn.

D’Patrizia Arendt, Presidentin vun der Biergerinitiativ:Et ass eng Surface futti gemaach ginn, dat heescht awer elo net, dass de ganze Bësch futti ass. An dofir si mir och hei, fir weider ze kämpfen. Mee et si Faits accomplis gesat ginn, wou de Staat einfach de staarken Arem gewisen huet. Mir hätte jo kënnen dat heiten ofwaarden.”

De Vertrieder vum Ëmweltministère seet dozou, dass een jo duerch de Référé eng Geneemegung fir d’Aarbechten hat. Ausserdeem wieren et Aarbechten, déi an dëser Joreszäit misste gemaach ginn, fir de mannsten Impakt op d’Natur ze hunn.

Mat engem Urteel ass ugangs d’nächst Joer ze rechnen.

Back to Top
CIM LOGO