Veianer WäinEn "3-Männer-Wäin" kritt Goût an huet Zukunftspotential

Monique Kater
Wousst Dir dass zu Veianen Wéngerte sinn? Bis 1925 hunn d'Riewen um Fouss vum Schlass zum Alldag gehéiert. Zenter epuer Jore ginn et hei och rëm Wéngerten.
Veianer Wäin: En "3-Männer-Wäin" kritt Goût an huet Zukunftspotential
Wousst Dir dass zu Veianen Wéngerte sinn? Bis 1925 hunn d’Riewen um Fouss vum Schlass zum Alldag gehéiert. Zenter e puer Jore ginn et hei och rëm Wéngerten.

Virun allem d’Ritter waren um Veianer Wäin intresséiert, deen och emol “3-Männer-Wäin” genannt ginn ass. Zënter enger Rei Jore ginn et do uewen nees Wéngerten - ugangs en Hobby, deen antëscht schonn eleng wéinst dem Klimawandel zu engem net onwichtegen an intressante Projet ginn ass.

“3-Männer-Wäin” zu Veianen / Reportage Monique Kater

Dass hei ënnert dem Schlass op engem formidabele Südhang e Cabernet Blanc wiisst, wësse vill Touristen net. De Virwëtz bleift baussent der Paart, well dem Kulturministère säi Wéngert gesäit gemenkerhand kee Friemen. Eng nach zimmlech nei a resistent Drauf gëtt hei op hir Upassung un de Klimawandel getest - vun engem Miseler an engem passionéierte Veianer mat eegene Riewen.

Och d’Vinsmoselle test nei Drauwenzorten a Riewen déi manner empfindlech sinn
Dem Serge Fischer no ass de Veianer Wäin, och well e seng Geschicht huet, net z’ignoréieren.

Zu Veianen ginn also d’Wäiner vu muer getest. Wäiner, déi dat Mineralescht nach hunn an de Goût, dee mir vun der Musel kennen a genéissen. Eng fein Nues eleng geet hei net duer - Tandeler Courage gehéiert och dozou.

De Marc Roeder ass Bauer mat Betrieb zu Tandel
Als ee vun 3 Leit, déi zu Veianen Wäin ubauen, beschreift hien déi besonnesch Nout vum Wäin an d’Virdeeler vun dësen onempfindleche Riewen.

Eng vun den “neien” Rief-Zorten ass eng sougenannt PIWI, dat steet fir Pilz-Widderstandsfäheg Riewen. Dës goufen an enger Prouf, déi 2. vu 5. Veianer Wäin wier en Zukunftswäin mat engem Goût, deen net dee gewinnten ass, mä dofir net e schlechte muss sinn. An dofir ass a bleift d’Bedeitung vum Wuert “3-Männer-Wäin” ganz einfach witzeg a liicht topeg: een, deen drénkt, een, deen unhält an een, deen eraschëtt.

Back to Top
CIM LOGO