ChamberEn Dënschdeg de Mëtteg geet et ëm de gratis ëffentlechen Transport

RTL Lëtzebuerg
Den CSV Deputéierten Marco Schank stellt an dem Kontext eng parlamentaresch Fro.
© RTL-Archiv

Seng Parteikollegin an CSV Fraktiounscheffin Martine Hansen huet eng Fro agereecht, déi sech mat Verkéiersaccidenter beschäftegt, déi op Kollisioune mat Beem zeréck ze féiere sinn. Den Optakt vun der Sëtzung mécht um 14.30 Auer eng Froestonn un d'Regierung.

Et ass eng chargéiert Woch um Krautmaart. E Mëttwoch gëtt am Chamberplenum parallel iwwert zwou Petitiounen debattéiert. Engersäits iwwert d'Petitioun, déi ee Fëmmverbuet op den Terrasse fuerdert, an anersäits iwwert déi Petitioun, déi just de Géigendeel verlaangt, an zwar, dass d'Fëmmen op den Terrasse vu Restauranten erlaabt bleift. Den Optakt vun där ëffentlecher Sëtzung ass e Mëttwoch de Moien um 9 Auer.

En Donneschdeg steet op Demande vun der CSV eng Aktualitéitsstonn iwwert de Bilan an d'Perspektive vum Space Mining um Programm, an op Demande vun déi gréng gëtt iwwert den Aarmutsrisiko bei deene Jonken hei am Land diskutéiert.

Back to Top
CIM LOGO