
Et ass déi leschte Kéier, datt de Grand Duc Jean de Palais verlooss huet. E Militärgefier huet d'Lafette mat der Lued drop gezunn, zougedeckt mam Roude Léif. 21 Kanoune Schéiss waren ze héieren, si hunn de verstuerwe Monarch op sengem Wee an d'Kathedral begleet.
Un der Spëtzt vum Trauercortège: Dem Grand-Duc Jean seng Kanner, Enkelen an Urenkelen. Lenks a riets vun der Strooss stoungen ofwiesselnd Zaldoten a Scouten an hunn hirem fréiere Chef salutéiert. Vum Krautmaart goung et bis an d'Ënneschtgaass.
Vill Vertrieder aus de Kinnekshaiser waren ugereest, fir dem Grand-Duc Jean eng lescht Éier ze erweisen. Schonns virum Depart vum Trauercortège waren d'Éieregäscht an der Kathedral ukomm.
RTL-Artikel: Emotional an ergräifend - E wierdegen Adieu fir e groussen a beléifte Staatschef
Nieft all den offiziellen Invitéë waren an der Kathedral och ronn 400 Plaze fir Leit aus dem Vollek reservéiert.
E puer dausend Leit hunn e Samschdeg hire Wee an d'Stad fonnt, fir dem Grand-Duc nach eng leschte Kéier Äddi ze soen. Laang waren déi bescht Plazen op der Plëss, déi virum Cercle, ënner Daach.
Et war kal, et war naass an och déi geréischtert Nëss hunn net gezunn.
De verstuerwene Grand-Duc Jean huet jo an der britescher Arméi-Unitéit vun den Irish Guards gedéngt. Si waren e Samschdeg natierlech och bei den Trauerfeierlechkeeten derbäi.
An hunn fir ee vun den Amenter gesuergt, déi de Leit sécherlech nach laang an Erënnerung wäerte bleiwen.
D'Touristen an der Stad hu sech dann éischter iwwerrascht gewisen. Si woussten nämlech Näischt vum grousse Staatsakt.
Eng 350 Leit, déi fir d‘Press schaffen, hate sech fir d’Staatsbegriefnes accreditéiert. 220 Badgë goufen um Enn ofgeholl. Gréisstendeels vu Lëtzebuerger Medien.
Ma och aus den Nopeschlänner koume Journalisten.
De Sécherheetsdispositif ronderëm d'Staatsbegriefnes e Samschdeg war enorm. Fir d'Polizisten um Terrain war dat schlecht Wieder och sécher desagreabel. Ma gläichzäiteg waren doduercher awer och manner Leit an der Stad wéi erwaart.
Dat huet der Police d'Aarbecht e bësse méi liicht gemaach. Engem éischte Bilan no goufen et och keng gréisser Tëschefäll.