
Vu baussen onscheinbar, ma an de Containere verstoppt sech e mobille Klassesall, an deem Wëssenschaft a Praxis zesummekommen. Mam “Mobile Newton Room” ass zu Lëtzebuerg e mobille Labo ukomm, dee Kanner a Jugendlecher fir Wëssenschaft, Technik a Mathematik begeeschtere soll. Vun dëser Woch u konnte Schüler souwuel déi theoretesch, wéi och praktesch Säite vun der Aviatioun kenneléieren an erliewen. Sou wéi d’Bhuvi Kothari, Schülerin aus der International School of Luxembourg.
“Ech besichen den Newton-Raum, well ech gären eng Karriär am Loft- a Raumfaartingenieurwiese maache wëll, an dat gëtt mir d’Méiglechkeet, souwuel Erfarung am Fléien, wéi och d’Theorie dozou, wéi ee Fluchweeër berechent, ze erliewen. Et ass eng Erfarung, déi wierklech relevant ass fir dat, wat ech a menger Zukunft maache wëll.”
Jonker tëscht 13 a 16 Joer léieren hei, Fluchstrecken ze plangen, déi se duerno och selwer am Fluchsimulator fléien.
De Mobile Newton Room besteet aus zwee Containeren, ass mat Fluchsimulatoren, engem Labo, engem Amphitheater an digitalen Aarbechtsplazen equipéiert a ka flexibel bei Schoulen oder op ëffentleche Plazen opgeriicht ginn. Dem Philippe Margue, Coach an der Luxembourg Tech School, seng nei Aarbechtsplaz, op där hien de Schüler bäibréngt, wéi een Distanzen, Zäit a Vitesse berechent, Flugroutte plangt a wéi een déi theoretesch Rechenaufgaben duerno praktesch am Fluchsimulatoren ëmsetzt.
“Alles wat mir am theoreteschen Deel maachen, huet eng direkt Verbindung zum prakteschen Deel. Mir rechnen a léiere wat nautesch Meile sinn, well déi brauche si fir ze fléien, fir d’Distanzen. Mir léieren hinne wat Kniet sinn, wëll dat ass d‘Vitess, déi de Fliger benotzt, déi si hei och ugewise kréien, bréngen hinne bäi, wéi ee Stonnen zu Minutten a Sekonne konvertéiert, dat ass dat wat een och hei um Timer gesäit, an da moosse mir duerno genau aus, wat si fléien. Näischt wat mir am theoreteschen Deel maachen, ass souzesoen iwwerflësseg.”
D’Konzept hannert dem Newton Room kënnt aus Skandinavien, existéiert zanter 2005 an ass antëscht a 16 Länner vertrueden. Zil ass et, de Schüler Fächer wéi Mathé, Naturwëssenschaften, Informatik an Technik méi no ze bréngen a si op laang Dauer fir technesch a naturwëssenschaftlech Beruffer ze begeeschteren, wéi de Grënner vum Newton Room Per-Arild Konradsen erkläert.
“Et ass eng praktesch an explorativ Ausbildung. Mir wëllen, dass d‘Schüler hei d‘Theorie mam richtege Liewe verbannen. Si mussen e Fluchplang berechnen, fir dann duerno hiren eegene Fluchplang ze fléien. Alles, wat mir am Newton-Concept maachen, ass mam Léierplang verbonnen a kann tatsächlech an all Schoul weltwäit ugepasst ginn.”
Op laang Siicht wëll de Grënner vum Newton Room de Projet an allen europäesche Länner etabléieren, fir d’Schüler grenziwwergräifend ze connectéieren, an ee Reseau opzebauen, an deem se an Zukunft zesumme léieren, u wëssenschaftleche Projete schaffen, a gemeinsam Kompetenze fir d’Zukunft entwéckele kënnen.
D’Containere vum Newton Room stinn nach bis den 13. Februar um Campus Geeseknäppchen bei der International School Luxembourg, deen am ganzen 300 Schüler aus 6 verschiddene Lycéeën zu Lëtzebuerg wäert empfänken. Duerno geet d’Rees weider a Norwegen.