Den neie Système d’Alerte wäert eng Plattform sinn, vun där aus vill verschidde Kanäl gespeist ginn, déi d’Leit am Fall vun Intemperien, wéi zum Beispill Stuerm oder Iwwerschwemmungen, solle warnen. Dozou zielen ënner anerem SMSen, Communiquéen un d’Press oder d’GouvAlert-App. Bis Enn vum Joer wëll een d’Plattform operationell hunn an och en System drun ugeschloss hunn, deen et erméiglecht, cibléiert SMSen u Leit ze schécken, déi an enger bestëmmter Zon sinn. Dat gouf e Freideg de Moien op engem technesche Briefing vum Inneministère annoncéiert.
Bis am spéide Summer 2023 hofft een, och en sougenannte “Cellbroadcast” kënnen z’offréieren. An deem Fall gëtt eng Push-Noriicht un all d’Leit geschéckt, déi sech an engem Geforeberäich befannen. De Virdeel heivunner ass, datt jiddereen, dee vun der Gefor betraff ass, alertéiert gëtt. Dat heescht, och Leit, déi réischt méi spéit an déi Zon erakommen. De Push wier och, anescht wéi eng SMS, net ze iwwersinn, well en en haart Signal vu sech gëtt, sou de Pol Henrotte vum Inneministère, deen de Projet koordinéiert.
An enger éischter Phas wäert elo och d’GouvAlert-App weider ausgebaut ginn. An enger zweeter Phas ginn dann net nëmmen Alerten zougestallt, mä et kann ee sech och fir Informatiounen abonéieren, wéi zum Beispill vun der Liewensmëttelsécherheet. D’App soll an Zukunft all éischte Méindeg vum Mount mat de Sireene getest ginn.
Beim System d’Alerte wëll een iergendwann dohinner kommen, datt dëse souwäit automatiséiert gëtt wéi méiglech, fir séier ze reagéieren am Fall vu Geforen. Sou kann ee sech virstellen, divers Miessstatiounen un dësen unzeschléissen, genausou wéi och de Galileo-Warning-System, deen iwwer Satellit funktionéiert.
Le gouvernement met en place un nouveau système pour assurer l’alerte de la population en cas de danger imminent (04.03.2022) | |
| |
| |
Les récentes intempéries, et particulièrement celles de juillet 2021, qui ont exercé un impact sur toute la population, ont affirmé la décision du gouvernement de 2020 sur la poursuite des travaux pour la mise en place d’un nouveau système d’alerte de la population. Lors d’un briefing technique, qui a eu lieu le 4 mars 2022, la conceptualisation d’un système d’alerte multicanal a été présentée dont l’objectif est de maximiser la couverture de la population en ayant recours à une seule plateforme d’alerte qui sera liée à de multiples canaux de communication. Ainsi, les alertes provenant des autorités nationales seront envoyées par l’intermédiaire de cette plateforme. L’alerte de la population est un outil indispensable pour permettre aux citoyennes et citoyens de se préparer à un évènement fortuit ou non et de prendre les précautions utiles et nécessaires au sauvetage de personnes et de biens. La mission de l’alerte de la population qui relève depuis 2018 de la compétence du ministre de l’Intérieur ne se situe effectivement pas seulement dans le feu de l’action, mais aussi en amont, dans un objectif de résilience et de prévention. Afin de parvenir à un système global, national, multicanal et performant, un projet de conception a été défini au cours des derniers mois qui se base sur une approche et un macro-planning s’adressant aux administrations étatiques qui diffusent des alertes. À ce jour, le Luxembourg dispose d’une application mobile «GouvAlert.lu», lancée en 2018, et d’un système d’envoi de SMS national et zonal limité, moyens qui ont été utilisés le 18 février 2022 lors de l’alerte rouge lancée par MeteoLux en raison de vents forts. L’application mobile profitera dans un premier temps d’une mise à jour afin d’améliorer l’ergonomie, notamment pour l’affichage des alertes, et inclura de nouvelles fonctionnalités nécessaires à la mise en place d’une nouvelle stratégie de tests réguliers du système d’alerte. Suite aux expériences précédentes et aux analyses des derniers mois, le projet d’analyse et de conception a relevé que le système d’alerte devra reposer sur deux piliers distincts, en sus de l’amélioration des outils existants, à savoir, d’un côté, la refonte des technologies assurant la diffusion de messages pour les téléphones mobiles et, de l’autre côté, la définition d’une gouvernance permettant à tous les acteurs concernés d’utiliser la solution de manière coordonnée et standardisée. La mise en place par les opérateurs de réseau mobile de l’infrastructure technique permettant l’envoi de SMS géo-localisés (location based SMS – LB-SMS) et de messages par diffusion cellulaire (cell broadcast) s’accompagnera de la mise en place d’une plateforme d’alerte centrale qui constituera le noyau de la future solution d’alerte de la population et sera liée aux différentes infrastructures assurant ainsi une communication structurée et coordonnée des messages diffusés pour une couverture maximale de la population. La plateforme d’alerte centrale est prévue pour être extensible et pourra, lors d’éventuelles évolutions à venir, permettre l’ajout d’autres moyens de communication comme les médias et les réseaux sociaux. Les opérateurs de réseau mobile sont impliqués tout au long du processus afin d’apporter leur savoir-faire.
Die Regierung führt ein neues System ein, um die Warnung der Bevölkerung bei drohender Gefahr zu gewährleisten Die jüngsten Unwetter, insbesondere jene im Juli 2021, die Auswirkungen auf die gesamte Bevölkerung hatten, bestätigten die Entscheidung der Regierung aus dem Jahre 2020, die Arbeit an einem neuen Warnsystem fortzusetzen. Bei einem technischen Briefing am 4. März 2022 wurde die Konzeption eines Warnsystems über mehrere Kanäle vorgestellt, dessen Ziel es ist, ein Maximum der Bevölkerung zu erreichen, indem eine einzige Plattform verwendet wird, die mit mehreren Kommunikationskanälen verknüpft wird. So werden künftig die Warnungen der nationalen Behörden über diese Plattform versendet. Die Warnung der Bevölkerung ist eine unverzichtbare Voraussetzung, damit Bürgerinnen und Bürger sich auf Ereignisse (vorhersehbarer Natur oder nicht) vorbereiten und notwendige Vorsichtsmaßnahmen zur Rettung von Personen und Gütern treffen können. Die Mission der Bevölkerungswarnung, die seit 2018 dem Innenminister obliegt, ist nämlich nicht nur in der Hitze des Gefechts zu vollführen, sondern auch im Vorfeld wichtig, um präventiv vorzugehen und die Resilienz zu erhöhen. Um ein umfassendes, nationales, leistungsfähiges System, das über mehrere Kanäle funktioniert, aufbauen zu können, wurde in den letzten Monaten ein Konzeptentwurf erstellt, der auf einem Ansatz und einer Makroplanung beruht, die sich an die staatlichen Verwaltungen richten, die Warnungen herausgeben. Bisher verfügt Luxemburg über eine mobile App „GouvAlert.lu“, die 2018 eingeführt wurde, sowie über ein nationales und ein begrenztes zonales SMS-System, beides Kanäle, die am 18. Februar 2022 bei der von MeteoLux ausgegebenen roten Warnung eingesetzt wurden. Die mobile Anwendung wird zunächst aktualisiert, um die Ergonomie, insbesondere die Anzeige von Warnungen, zu verbessern und neue Funktionen einzuführen, die für die Einführung einer neuen regelmäßigen Teststrategie des Warnsystems erforderlich sind. Aufgrund der bisherigen Erfahrungen und der Analysen der letzten Monate wurde festgestellt, dass das Warnsystem neben der Verbesserung der bestehenden Instrumente auf zwei verschiedenen Säulen beruhen muss: einerseits auf der Nutzung weiterer Technologien, die die Verbreitung von Nachrichten für Mobiltelefone sicherstellen, und andererseits auf der Festlegung interner Strukturen, die es allen Beteiligten ermöglichen, das Warnsystem auf koordinierte und standardisierte Weise zu nutzen. Die Einrichtung der technischen Infrastruktur durch die Mobilfunknetzbetreiber, die den Versand von geolokalisierten SMS (location based SMS - LB-SMS) und von Nachrichten über Zellrundfunk (cell broadcast) ermöglicht, wird mit der Einrichtung einer zentralen Warnplattform einhergehen, die den Kern des künftigen Systems zur Warnung der Bevölkerung bildet und mit den verschiedenen Infrastrukturen verbunden sein wird. So wird eine strukturierte und koordinierte Kommunikation der verbreiteten Nachrichten gewährleistet, um ein Maximum der Bevölkerung zu erreichen. Die zentrale Warnplattform soll erweiterbar sein, so dass bei eventuellen zukünftigen Entwicklungen weitere Kommunikationsmittel wie Medien und soziale Netzwerke direkt erreicht werden können. Die Mobilfunknetzbetreiber werden während des gesamten Prozesses einbezogen, um ihre Erfahrung einzubringen.
D’Regierung riicht en neie System an, fir d’Populatioun am Fall vun enger akuter Gefor warnen ze kënnen Déi rezent Wiederen, a besonnesch déi vum Juli 2021, déi en Impakt op d’ganz Populatioun haten, hunn d’Entscheedung vun der Regierung vun 2020 ënnerstrach, fir mat den Aarbechten un engem neien Alarmsystem fir d’Populatioun weider ze fueren. An engem technesche Briefing, zu deem et de 4. Mäerz 2022 koum, gouf d’Konzept vun engem Alarmsystem iwwer verschidde Kanäl virgestallt, deem säin Zil et ass, souvill Populatioun wéi méiglech ofzedecken, andeems op eng eenzeg Alarmplattform zréckgegraff gëtt, déi u verschidde Kommunikatiounskanäl gekoppelt ass. Sou gëtt all Alarm, dee vun nationalen Autoritéite kënnt, iwwert dës Plattform verschéckt. D’Warnung vun der Population ass en noutwendegt Geschier, fir et de Biergerinnen a Bierger z’erlaben, sech op en zoufällegt oder net zoufällegt Evenement virzebereeden an déi nëtzlech an néideg Virsiichtsmoossname fir d’Rettung vu Persounen a Gidder z’ergräifen. D’Missioun vun der Warnung vun der Populatioun, déi zanter 2018 zu de Kompetenze vum Inneminister gehéiert, bezitt sech effektiv net nëmmen op d’Aktioun selwer, mä och do ronderëm, an engem Zil vu Resilienz a Préventioun. Fir en nationalen a performante System iwwer verschidde Kanäl hinzekréien, ass an de leschte Méint e Konzept festgehale ginn, dee sech op eng Approche an e Makroplang baséiert, déi sech un d’statlech Verwaltunge riichten, déi en Alarm erausginn. Stand haut gëtt et zu Lëtzebuerg d’App „GouvAlert.lu“, déi 2018 lancéiert gouf, an e System fir d’Verschécke vun enger national a zonal limitéierter SMS, Mëttelen, déi den 18. Februar 2022 benotzt goufe beim rouden Alarm, dee wéinst staarkem Wand vu MeteoLux lancéiert gouf. D’App wäert an enger éischter Phas aktualiséiert ginn, fir hir Ergonomie ze verbesseren, ë.a. fir d’Uweise vun engem Alarm, an nei Funktiounen hunn, déi néideg sinn, fir eng nei Strategie vu regelméissegen Tester vum Alarmsystem anzeféieren. Op Grond vu viregten Experienzen a vun Analysen aus de leschte Méint huet de Konzeptiounsprojet gewisen, dass de Warnsystem − iwwert d’Verbessere vum Geschier eraus, dat et scho gëtt − op zwee verschiddene Piliere fousse misst, an zwar, op där enger Säit, op dem Iwwerschaffe vun den Technologien, déi d’Verbreede vu Messagë fir Handye sécherstellen, an, op där anerer Säit, der Definitioun vun engem Féierungssystem, deen et all de betraffenen Acteuren erlaabt, d’Geschier op eng koordinéiert a standardiséiert Aart a Weis ze notzen. D’Bereetstellen, duerch d’Handyoperateuren, vun der technescher Infrastruktur, déi d’Verschécke vu geolokaliséierten SMSen (location based SMS – LB-SMS) a vu Messagë via Zelliwwerdroung (cell broadcast) erlaabt, wäert vum op-d’Bee-stelle vun enger zentraler Warnplattform begleet ginn, déi d’Häerzstéck vun der zukünfteger Warnung fir d’Populatioun duerstelle wäert an un déi verschidden Infrastrukture wäert gekoppelt ginn, déi eng strukturéiert a koordinéiert Kommunikatioun vun de verschéckte Messagë sécherstellt, fir e maximaalt Ofdecke vun der Populatioun. D’zentral Warnplattform soll kënnen ausgebaut ginn a kéint, bei méiglechen Entwécklungen, d’Bäiflécke vun anere Kommunikatiounsmëttelen erlaben, wéi d’Medien an d’sozial Netzwierker. D’Handyoperateure sinn de ganze Prozess iwwer agebonnen, fir hiren Know-how anzebréngen. |