
Si sinn och mat schwierege Liewenssituatiounen um Haff confrontéiert oder fille sech kierperlech oder psychesch iwwerfuerdert.
Fir Äntwerten op dës Problemer ze liwweren, gëtt et zanter 4 Joer de gratis Consultance-Service "En oppent Ouer fir de Bauer, Wënzer a Gäertner". Bis ewell goufen et an deene 4 Joer vum Bestoe vun där Offer 56 Kontakter - en Zeeche fir de Landwirtschaftsminister, datt dee Service Sënn mécht a gebraucht gëtt.
Déi meescht Ufroe ginn et wéinst familiäre Konflikter bei zum Beispill intergenerationelle Problemer oder wéinst psycho-soziale Suergen, déi duerch d'Aarbechtskonditiounen entstinn. Soss kloe Baueren a Wënzer nach iwwert den Drock an doriwwer, datt si d'Gefill hunn, datt d'Gesellschaft hinnen e Manktem u Wäertschätzung entgéintbréngt.
Dës Äntwerte liwwert de Minister Romain Schneider op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP Deputéierten André Bauler.
De Service "En oppent Ouer fir de Bauer a Wënzer" kann all Méindeg ënnert der Nummer 8002 71 71 kontaktéiert ginn. D'Gespréicher sinn natierlech vertraulech an d'Anonymitéit gëtt respektéiert.