Kanner- a JugendtelefonEn oppent Ouer fir Jonker, mä och ëmmer méi Ulafstell bei Mëssbrauch a Gewalt am Internet

Maxime Gillen
Knapp 400 Gespréicher hunn déi Fräiwëlleg vum Kanner- a Jugendtelefon zejoert mat Jonke gefouert. Derbäi komme knapp 300 Ufroen per Mail.
© MIEKE DALLE/PhotoAlto via AFP

Deemno bleift d‘Demande fir anonym Rotschléi an Informatioune weider héich, wéi aus dem Joresrapport vum Kanner- a Jugendtelefon ervirgeet.

Kanner- a Jugendtelefon Rapport 2025 - Reportage: Maxime Gillen

An och d‘Beräicher, an deenen déi Jonk Froen hunn, bleiwe ganz änlech. Méi wéi een Drëttel vun de Probleemer, mat deene sech beim KJT gemellt gouf, haten zum Beispill mat mentaler Gesondheet, Angscht, Suizid oder Trauer ze dinn. Direkt hannendru koumen d‘Schwieregkeeten an der Famill - am meeschte froe Jugendlecher a jonk Erwuessener hei no Hëllef.

Dobäi wier et net einfach, déi Jonk iwwerhaapt dozou ze kréien, sech bei hinnen ze mellen, esou déi Responsabel vum Kanner- a Jugendtelefon. Ëmmer méi dacks gi si dann och online kontaktéiert. Virop am direkten Chat, mussen déi Fräiwëlleg vum KJT sech dann och nach mat der Vitess vun enger kënschtlecher Intelligenz moosse loossen. Dës setzen awer weider op Wäermt an Empathie, déi eng KI jo den Ament mol nach net ersetze kann.

Ma och Elteren, respektiv Erwuessener am Ëmgang mat Jonken, kréie gehollef. Um Elterentelefon. D‘Hallschent vun de Fäll dréinen ëm Probleemer an der Famill. Eppes manner wéi ee Véierel huet awer och hei mat psychosoziale Sujeten ze dinn.

Nieft dem Kanner- a Jugendtelefon gëtt et antëscht och eng ëmmer méi breet Offer vu Bee Secure. An déi gëtt och verstäerkt genotzt. Virop jonk Erwuessener vu méi wéi 25 Joer hu sech zejoert op der Hotline 8002 1234 gemellt. A bal der Hallschent vun de Fäll wéinst Internet-Kriminalitéit.

An apropos verbuede Saachen: Bee Secure huet ewell och eng Online-Plattform, op där ee potenziell illegal Contenuen anonym ka mellen. Dobäi geet et an der Haaptsaach ëm Videoen a Biller vu sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjäregen. D‘Bee Secure Stopline kuckt sech dat alles un a leet et dann un déi zoustänneg Autoritéite virun. D‘Zuele schwätzen hei eng kloer Sprooch. Zejoert goufe méi wéi 15.000 där Videoen a Biller gemellt. Gutt 4.600 dovu goufen u Police a Parquet weidergeleet.

Eng weider Funktioun vu Bee Secure ass zanter September zejoert och déi vum sougenannten "National Trusted Flagger". Hei kann een also Contenue mellen, déi ee vun enger grousser Plattform wëll geläscht hunn. An déi Plattforme musse Meldunge vun engem National Trusted Flagger prioritär behandelen, esou datt een doduerch d‘Chance huet, datt esou Contenue méi séier kënne geläscht ginn.

Back to Top
CIM LOGO