Däitsch Medie mellenVerléisst de Luc Holtz Waldhof Mannheim no enger Saison?

RTL Lëtzebuerg
Dat behaapt ënner anerem de "Kicker". Der däitscher Zeitung no hätt de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer gefrot, fir fräigestallt ze ginn.
© AFP

Réischt Ufank August huet de Luc Holtz d'Successioun vum Dominik Glawogger zu Mannheim ugetrueden. D'Saison an der drëtter däitscher Liga huet de Waldhof op Plaz 10 am Tabellemëttelfeld ofgeschloss. Aus de leschte 8 Matcher konnten déi Mannheimer awer nëmme 7 Punkte sammelen.

Wéi ënner anerem de "Kicker" schreift, hätt de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer gefrot, fir fräigestallt ze ginn. Der däitscher Zeitung no hätt de Luc Holtz scho wärend der Saison eng Offer vum FC Metz gehat.

Op RTL-Nofro hin huet Mannheim sech e Mëttwoch net zum méiglechen Out vum Luc Holtz geäussert. Den Ament sicht Metz nees ee neien Trainer. De Veräin aus der Lorraine ass an d‘Ligue 2 ofgestigen. An de franséische Medien ginn eng Partie Trainere genannt, fir de Posten zu Metz ze iwwerhuelen. Dem Luc Holtz säi Numm ass do awer net dobäi. Och den FC Metz huet eis géintiwwer gesot, datt si den Ament keng Informatiounen dozou hätten.

D'Nofolleg vum Luc Holtz zu Mannheim soll den Orest Shala untrieden, dee bis elo Trainer war beim portugiseschen Drëttligist CD Mafra. Dat mellen allefalls däitsch Medien.

E Samschdeg spillt Waldhof Mannheim an der Finall vum Verbandspokal am Derby géint VFR Mannheim. Deemno kéint dëst dem Luc Holtz seng lescht Partie fir d'Mannheimer ginn.

Back to Top
CIM LOGO