Ganz vill FotoenVisitt vum Grand-Duc Guillaume beim CGDIS zu Gaasperech

Chris Meisch
Fir eng éischte Kéier a senger Funktioun ass de Grand-Duc Guillaume de Centre National d’Incendie et de Secours zu Gaasperech besiche gaangen
© Tom Lehnen

Bei senger Visitt huet hien dem Generaldirekter vum CGDIS offiziell den neie Corpsfändel iwwerreecht. D’Zeremonie huet no der Arrivée vum Grand-Duc mat der Entrée vum neie Fändel ugefaangen. Dëse symboliséiert d’Identitéit an d’Eenheet vum CGDIS a soll gläichzäiteg och d’Unerkennung fir d’Aarbecht vun de Rettungs- an Noutdéngschter am Land ënnersträichen. Den neie Fändel wäert an Zukunft bei alle grousse Zeremonië vum CGDIS matgefouert ginn an enthält eng Rei Symboler an Detailer, déi d'Geschicht, d’Missioun an d’Wäerter vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours representéieren, wéi de Generaldirekter vum CGDIS, Paul Schroeder, erkläert huet.

De CGDIS huet iwwerdeems och seng Wäerte-Charta iwwerschafft a véier nei Valeuren definéiert, déi d’Aarbecht an d’Communautéit vun de Pompjeeë charakteriséieren. Déi nei Valeuren heeschen: Engagement, professionell Astellung, Zouverlässegkeet a Solidaritéit.

Nieft der offizieller Iwwerreechung vum Corpsfändel stoung awer och eng wichteg Passation de commandement am Mëttelpunkt, nämlech de Wiessel un der Spëtzt vum CIS Lëtzebuerg, also de Pompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg. No 35 Joer am Déngscht an iwwer enger hallwer Millioun Asätz geet de Colonel Serge Heiles den 1. Juni an d’Pensioun. Seng Nofolleg iwwerhëlt d’Annick Baustert, déi offiziell nei Cheffin vun de Stater Beruffspompjeeë gëtt. Ënnerstëtzt gëtt si dobäi vum Chris Monzel als neie Chef de centre adjoint. Béid kruten op der Zeremonie offiziell hir Insignë vun der Funktioun iwwerreecht.

PDF Schreiwes CGDIS

Back to Top
CIM LOGO