CGDISFënnef Blesséierter bei Accidenter am Laf vun e Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
Iwwert de Mëttwoch haten d'Rettungsekippe vum CGDIS nees eng Rei Asätz uechter d'Land wéinst Accidenter mat Blesséierten.
© Laurent Weber

Moies, kuerz viru 7 Auer gouf op der Route du Vin zu Bech-Klengmaacher eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. D'Rettungsekippe vu Schengen, Réimech an aus der Stad waren am Asaz.

Kuerz no 11 Auer dann e weidere Blesséierten, nodeems um Findel an der Géigend vum Fluchhafen zwee Gefierer net laanschtenee koumen. Op der Paz waren déi lokal Secouristen.

An der Mëttesstonn gouf et dann en Asaz fir d'Stater Secouristen op der A1 tëschent dem Tunnel Cents an dem Kierchbierg. Hei ass eng Persoun bei engem Accident verwonnt ginn.

Géint 18.45 Auer sinn dann nach emol zwee Gefierer matenee kollidéiert, dat zu Rolleng an er Avenue de l'Europe. Zwou Persoune goufe blesséiert, d'Rettungsekippe vu Péiteng a Suessem-Déifferdeng hu sech ëm si gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO