
Un der Figur huet de Nuno Mafra een Dag geschafft. De Mann gouf de 14. Mee vun enger Wëldkamera gefilmt. Op de Biller ass ze gesinn, wéi hien d’Skulptur matgeholl huet. De Kënschtler huet de Video op Facebook publizéiert, bis elo awer nach kee konkrete Retour kritt. Um Mëttwochmëtteg huet hien och offiziell Plainte bei der Police zu Wolz gemaach.
Fir de Kënschtler ass et déi éischte Kéier, datt op senger Aarbechtsplaz eppes geklaut gouf. Hie wier “net frou“ gewiescht, datt een d’Skulptur einfach matgeholl huet. Trotzdeem wëllt hien och weiderhin a sengem Atelier am Bësch schaffen.