Infodag fir Mënsche mat spezifesche Besoinen an der Coque“Fir dass all Mënsch déi Plaz fënnt, déi senge Besoine gerecht gëtt”

Marlène Clement
Wéi eng Formatioun passt bei mech? Wou ass meng Plaz an der Aarbechtswelt? Äntwerten op dës Froe krute Mënsche mat spezifesche Besoinen op engem Infodag vun der Plattform Handicap vun der FEDAS.
© Marlène Clement

Ee wichtege Rendez-vous fir déi Betraffen, awer och fir d’Acteuren um Terrain, déi deen Dag als Vitrinn notzen, awer och fir den Echange ënnerteneen. Eng 20 Acteuren hunn hir Offeren a Projeten an de Beräicher Aarbecht, Formatioun an Dagesbetreiung presentéiert. D'Besoinen a Parcourse vu Leit mat enger Beanträchtegung si ganz verschidden. Deementspriechend wichteg wier et, datt jidder Eenzelen och déi richteg Informatiounen an Hëllefe kritt.

Infodag fir Mënsche mat spezifesche Besoinen an der Coque
"Fir dass all Mënsch déi Plaz fënnt, déi senge Besoine gerecht gëtt”

Och wann a punkto Inklusioun scho vill geschitt ass, esou gesinn d’Organisateure vum Infodag nach Sputt no uewen, zum Beispill wat d’Zertifizéierung vun enger professioneller Ausbildung ugeet. Dat wier ee wichtege Schrëtt fir déi Concernéiert, mee och fir d'Patronen, fir ze gesi mat wéi enger Persoun se ze dinn hunn, wat hir Talenter a Fäegkeete sinn, déi se matbréngen.

 E weidere Wonsch vun der Plattform Handicap vun der FEDAS ass et, an Zukunft och mat Infostänn op der nationaler Schoulfoire present ze sinn, amplaz op enger separater Foire. Och dat wier Inklusioun.

Back to Top
CIM LOGO