Eurovisioun 2026Esou huet Lëtzebuerg an der Finall ofgestëmmt

Pierre Weimerskirch
Rumänien a Bulgarien hunn am Voting aus Lëtzebuerg kloer am meeschte Punkte kritt. An der zweeter Halleffinall krut Lëtzebuerg déi meescht Punkten aus Dänemark.
DARA huet déi 70. Editioun vum Eurovision Song Contest gewonnen.
DARA huet déi 70. Editioun vum Eurovision Song Contest gewonnen.
© Alma Bengtson/EBU

Déi meescht Punkten aus Lëtzebuerg an der Finall krut Rumänien mat 22 Punkte (12 vun der Jury an 10 vum Public). Bulgarien ass mat 20 Punkten op Plaz 2 am Lëtzebuerger Ranking. De Gewënner-Song vum DARA Bangaranga war iwwer de ganzen Owend déi Performance, déi am meeschte Stëmmen aus alle Länner krut.

D’Jury aus Lëtzebuerg huet Rumänien an Australien déi meeschte Stëmme ginn. Donieft kruten och Bulgarien, Kroatien a Frankräich vill Jury-Stëmmen. Am Géigesaz dozou huet de Lëtzebuerger Public virun allem op Bulgarien a Rumänien gesat.

Stëmmen aus Lëtzebuerg fir de Voting an der Finall vum ESC.
Stëmmen aus Lëtzebuerg fir de Voting an der Finall vum ESC.
© RTL Grafik

Interessant ass, datt verschidde Länner nëmme vun der Jury oder nëmme vum Public ënnerstëtzt goufen. Australien, Kroatien, Dänemark an Norwegen hu beispillsweis exklusiv Jury-Punkte kritt, wärend Italien, Moldawien, Ukrain an Albanien nëmme beim Public punkte konnten.

13 Stëmmen aus Dänemark fir Lëtzebuerg an der Halleffinall

Lëtzebuerg ass an der Halleffinall um Enn op déi 12 Plaz komm, déi éischt 10 hunn de Sprong an d’Finall gepackt.

Wien huet an der zweeter Halleffinall fir Lëtzebuerg ofgestëmmt.
Wien huet an der zweeter Halleffinall fir Lëtzebuerg ofgestëmmt.
© RTL Grafik

Beim Public-Voting ass een op Plaz 11 vu 15 komm. Déi meescht Punkte krut d’Eva Marija aus Dänemark a Lettland.

D'Lëtzebuerger Delegatioun wärend der Halleffinall.
D'Lëtzebuerger Delegatioun wärend der Halleffinall.
© Sarah Louise Bennett / EBU

Bei de Juryen hat Lëtzebuerg et nach méi schwéier. Hei ass een op Plaz 14 vu 15  komm. Déi meeschte Stëmme sinn och hei aus Dänemark a Lettland komm, ausserdeem huet och der ukrainescher Jury de Song aus dem Grand-Duché gutt gefall.

Back to Top
CIM LOGO