
Zu Toulon a Frankräich huet sech eng Mamm vun 38 Joer suicidéiert an dräi vun hire Kanner mat an den Doud geholl. D'Fra huet sech mat de Kanner aus enger Fënster vum 13. Stack vun engem Gebai geworf. Kee vun deene véier huet iwwerlieft. Dat deelt de Parquet vun Toulon e Mëttwoch mat.
Wéi et weider am Schreiwes vum Procureur Raphaël Balland heescht, hätt d'Fra, déi eleng mat hire siwe Kanner zu Toulon gelieft huet, rezent Symptomer vu psychesche Probleemer a vun Depressioune gewisen. Dat misst awer nach definitiv confirméiert ginn. Et wier awer aktuell auszeschléissen, dass eng drëtt Persoun an den Doud vun deene véier involvéiert war.
Den éischten Erkenntnisser no hätt d'Fra sech mat zwee vun hire Bouwen an engem Meedchen aus der Fënster gehäit. D'Kanner wieren dräi, véier a sechs Joer al gewiescht.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu