Invité vun der Redaktioun (21. Mee)Nadine Braconnier, Buergermeeschtesch vu Käerjeng

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moien ass déi Käerjenger Gemengepolitik Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

No 16 Joer ënnert dem Michel Wolter huet d’Gemeng Käerjeng zanter Ufank Mee eng nei Buergermeeschtesch.

D’Nadine Braconnier ass de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Wéi huet si d’Kritik ëm hir Successioun opgeholl? Wat sinn hir Projete fir déi nächst Joer? An huet si nach aner politesch Ambitiounen?

Dat froen mer déi nei Gemengemamm vu Käerjeng. Si ass de Moien kuerz no 8 live bei eis am Studio.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO