Domadder hunn och e Méindeg nees d'Coifferen hir Dieren duerfen opmaachen, natierlech mat deenen néidege Precautiounen.
Jiddereen, deen net selwer geschnëppelt huet, dierft da wuel an nächster Zäit e Rendezvous hunn. Den Undrang, fir e Rendez-vous ze kréien, ass grouss.
Mir waren um éischten Dag an engem Coiffeurssalon, fir ze kucken, wéi Clienten a Personal mat der neier Situatioun ëmginn.
