D’Maternité vum ale Spidol zu Déifferdeng steet den Ament eidel. Do kéinte Refugiéen ënnerkommen, fir dass déi méi al Foyere vun der Gemeng kënne renovéiert ginn, soen déi Déifferdenger Gréng. Den LSAP-Buergermeeschter huet sech iwwert dës Propose iwwerrascht gewisen. Dass de Foyer nieft dem ale Spidol – dat alt Schwësterenheem-, esou wéi och de Centre Noppeney zu Uewerkuer, net déi optimal Konditioune bidden, doranner si sech Buergermeeschter an Oppositiounspartei awer eens. Virun der Kamera wollten d’Awunner, déi haut am fréiere Kulturzenter liewen, näischt soen. Et wier een zefridden, huet et awer a vereenzelte Gespréicher geheescht. Ma wéi de Centre Culturel zu Uewerkuer zougemaach gouf, hätt en u sech scho sollen ofgerappt ginn. 2015, deemools nach ënnert engem grénge Buergermeeschter, hätt een awer séier misse reagéieren, esou d’Laura Pregno. Déi gréng Politikerin ass am Déifferdenger Gemengerot. Deemools ass de Centre Noppeney mat wéineg Opwand renovéiert ginn, sot si, fir séier Refugiéen kënnen opzehuelen. Ma dat wier awer als Noutléisung geplangt gewiescht an net, fir dass 9 Joer drop ëmmer nach Leit an dësem Foyer musse liewen, esou d’Laura Pregno.
Fiichtegkeet, Heizungen déi ausfalen a virun allem ze vill enk Raim, dat wieren negativ Aspekter, déi déi gréng Gemengeconseillère vun de Refugiéen gesot kritt hätten. Net just aus dem Centre Noppeney, mee och aus dem fréiere Schwësterenheem, dat direkt nieft dem alen Déifferdenger Spidol ass. Och hei soten eis eng Partie Awunner, dass eigentlech alles an der Rei wier. Bis op ee Punkt: d’Raim wiere kleng an et wunnt een zu zwee an engem Zëmmer, erzielt den Nathanael. De Schüler huet 20 Joer a wunnt schonn zanter 5 Joer am ale Schwësterenheem zu Déifferdeng. Dacks wunne Leit zesummen, déi sech net kennen. Dat wier net einfach.
Fir dës Struktur, déi sécherlech an d’Jore komm ass, ze renovéieren, kéinten d’Refugiéen an déi al Maternité – e Gebai hannert dem Spidol – ënnerkommen, esou d’Propos vun der grénger Partei. Dass um Site vum ale Spidol e Schoulcampus geplangt ass, begréissen déi Gréng ausdrécklech. Ma soulaang de Projet nach net konkretiséiert gëtt, kéint d’Gebai der Oppositiounspartei no awer fir d’Refugiéë genotzt ginn.
Eng Iddi, déi den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch iwwerrascht. Vun der Pressekonferenz a vun der Propose wier hien iwwert d’Press gewuer ginn. Zu der Fuerderung seet de Gemengepapp, dass dat net ze realiséieren ass. Wéi Servior nach um Site war, goufen 80 Leit do soignéiert. Am Centre Noppeney liewen aktuell 41 Persounen, an der Rue de l’Hôpital 78. Dës Leit just an der Maternité ënnerbréngen, géing net klappen. Doriwwer eraus kënnt d’Gemengenadministratioun an d’Haaptgebai - dat ënnert Denkmalschutz ass - wärend dat aktuellt Gebai am Zentrum vun Déifferdeng renovéiert gëtt. Dat kéint 2 bis 3 Joer daueren, huet de Buergermeeschter gesot. Dovunner hätten déi Gréng näischt gewosst, huet et op Nofro geheescht.
De Guy Altmeisch huet nach präziséiert, dass d’Gemeng Déifferdeng a 4 Foyeren am Ganzen 300 Leit ënnerbruecht huet. 192 Persoune sinn a private Familljen ënnerbruecht. Hie wier sech op jidder Fall bewosst, dass déi zwou Strukturen, Noppeney a Rue de l’Hôpital, musse renovéiert ginn. Ma do wier een a Gespréicher mam Office National de l’Accueil fir eng adequat Plaz ze fannen. Et wier besser d’Leit nëmmen eng Kéier ze relogéieren an hinnen domadder méi Stabilitéit ze ginn.