D’Faillitte vum Group Cenaro huet déi lescht Méint nees d’Diskussioun ronderëm Stabilitéit vu verschiddene Entreprisen am Bauwiesen zu Lëtzebuerg lassgetrëppelt. E grousse Lëtzebuerger Assurance-Courtier warnt iwwerdeems virun neie Faillitten um Bau. E puer honnert Famille kéinten iwwert déi nächst 2 Joer betraff sinn. Déi Lénk fuerdere scho méi laang e massiven Ausbau vum ëffentleche Wunnraum. Hirer Meenung no soll eng ëffentlech Baufirma fir Stabilitéit an Nowuess am Bausecteur suergen. Den Tim Morizet huet sech mam Nathalie Reuland aus der Nationalkoordinatioun vun déi Lénk ënnerhalen a sech d‘Iddie, déi och an Irland ëmmer nees ëffentlech debattéiert gëtt, erkläre gelooss.
Tim Morizet: An dësen Zäite kommt Dir mat der Propos eng Baufirma mat ëffentleche Gelder ze schafen. Firwat?
Nathalie Reuland: Mir haten eis virgestallt, datt mat ëffentlechem Geld eng Baufirma géif gegrënnt ginn, an datt Bauaarbechter, déi eventuell elo an de Chômage kommen, kéinten agestallt ginn. D’Iddi wier et, besser Aarbechtskonditiounen ze promouvéieren. Uerdentlech Kontrakter (CDIen) mat engem anstännege Loun.
An der Firma sollen och Formatiounen ugebuede gi fir Leit, déi hei zu Lëtzebuerg sinn a keng Beruffsausbildung hunn. Lëtzebuerg huet nach ëmmer relativ vill “NEETS“: Jonker tëscht 16 an 29 Joer, déi keng Aarbecht, keng Formatioun, keng Educatioun hunn.
Déi kéinten esou eng Dier fir op den Aarbechtsmarché opgemaach kréien. Besonnesch an Zäite wou et immens u Bauaarbechter feelt. Dobäi kënnt eng ganz Well u Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg ukënnt. Déi Leit wëllen och meeschtens schaffen a Fouss faassen.
TM: Wéi kéint esou eng Iddi finanzéiert ginn?
NR: De Prinzip wier en änlechen ewéi bei der SNHBM (Société Nationale des Habitations à Bon Marché). D’Entreprise géif ënnert der Form vun enger SA. opgebaut ginn. De Staat an déi grouss Gemenge géifen dës matfinanzéieren. Wärend der Covid-Kris hu mer gesinn, datt Suen do waren. De Logement ass och eng national Kris. An dësem Fall mussen an Zukunft Gelder vum Staat labber gemaach ginn.
Fir dëse Wunnengsbaupak ze finanzéieren, géing et duergoen, de Budget vum Fonds spécial de soutien au développement du logement ausnamsweis fir ee Joer ze verduebelen. Esou kéint dëse Fong 75% vum Finanzement iwwerhuelen.
TM: Ass esou eng Iddi laangfristeg ze finanzéieren?
NR: Mir sinn aktuell bei 2% abordabelem Wunnraum op landeswäitem Niveau. Dee Chiffer muss onbedéngt erhéicht ginn, mëttelfristeg op 10 a laangfristeg op 30% bis 2050. Den Ament ass de Problem, datt wann ëffentlech gebaut soll ginn, ewéi vum Fonds de Logement oder der SNHBM, da kréie se just schwéier Baufirmen erbäi. D’Gemengen an ASBLen sti virun deenen nämmlechte Problemer.
TM: Wat wier d’Roll vun de méi klenge Gemengen an dësem Fall?
NR: Déi Lénk fuerderen, datt fir d’Gemengen an Associatiounen d’Frais d’enregistrements an d’Frais d’inscriptions op ee Minimum reduzéiert ginn an d’TVA fir bezuelbare Wunnraum op 3% erofgesat gëtt. D’Iddi ass, datt d’Baufirma éischter vum Staat finanzéiert gëtt. D’Gemenge sollen de Service zur Verfügung gestallt kréien. D’Gemenge wëllen opkafen a sanéieren. Do hu mer jo d’Gesetz vun 1979 vun der Aides à la pierre, wou d’Gemengen kënne 75% bäikréien, fir den Opkaf an d’Baue vu Logementer.
TM: Esou eng Firma wier och un d’Legislatioun iwwert d’Marchés publics gebonnen. Heescht, se kéint zwar Personal astellen, misst awer fir Material a Servicer, déi se akeeft, iwwert Ausschreiwunge fueren. Mécht dat dann nach Sënn?
NR: Wa mer kucke wat zu Lëtzebuerg de Quadratmeter kascht a mir vergläichen dat mat eisen Nopeschlänner, dann ass do e groussen Ënnerscheed. Eng ëffentlech Baufirma kéint do en Ënnerscheed maachen. Si muss keng grouss Gewënnmargen maachen. Déi goufen déi leschte Joren awer vu villen Entrepreneuren a Promoteure encaisséiert.
Mir mussen zu Lëtzebuerg dovun ewech kommen, datt Wunne just en Investment ass. Et ass e Recht. Dat muss promouvéiert gi, well wat ass e Mënsch ouns en Daach iwwert dem Kapp?
De Think Tank IDEA warnt virdrun, an aktuell schwieregen Zäiten de Kurs ëm 180 Grad ze dréinen. De Logement Spezialist, Michel-Edouard Ruben:
“L’idée de créer une entreprise publique de construction au Luxembourg, en apparence sympathique, est en fait une idée louche; d’autant plus louche que le Luxembourg est un pays où le manque de main-d’œuvre est structurellement criant dans le secteur de la construction; faire rentrer sur le marché un mastodonte étatique de nature à avoir un impact inflationniste sur les salaires du secteur et à exacerber le manque de main-d’œuvre n’est clairement pas des plus indiqués. Il faut, dans une économie qui fonctionne, autant de marché que possible et autant d’État que nécessaire, une entreprise publique de construction est, peut-être, bien au-delà du nécessaire.“
Et wier net onbedéngt richteg, de fräie Spiller um Marché fir e Manktem un abordabele Wunnraum schëlleg ze maachen, preziséiert de Michel-Edouard Ruben: “Mais tout comme qu’il y ait des règles aux échecs n’empêche pas aux joueurs d’être libres de leur stratégie, ce n’est pas à cause de l’existence d’entreprises privées de construction que le stock de logements abordables est passé de 3,4% du parc des logements en 2001 à 1,6% en 2021.“
D’Situatioun zu Lëtzebuerg wier uerg. Diskussioun ronderëm eng ëffentlech Baufirma gläicht der, vu wéi enger Faarf Maillot ee soll undoen, ier d’Waasser engem bis zum Hals steet, esou de Spezialist.