Bilan no engem Joer Hotelsschoul zu WickrengEng breetgefächert Formatioun fir an eng kriseresistent Beruffsspart

Monique Kater
Eng ambitiéis Formatioun a mat 80% Reussite, e gudde Bilan vum 1. Joer Hotelsschoul am Süden. D’Aschreiwunge sinn an 3 Wochen.
Bilan no engem Joer Hotelsschoul zu Wickreng
Eng breetgefächert Formatioun fir an eng kriseresistent Beruffsspart

De Campus Sud vun der Hôtelschoul, am GridX zu Wickreng, feiert demnächst säin 1. Gebuertsdag. Den Ament si just 4èmes-Klassen um Site. Dat heescht, fir déi 50 Schüler, déi sech fir dat 1. Joer Hotelsschoul zu Wickreng ageschriwwen haten, eng Formatioun an engem ongewinnt intime Kader. D'Reussite léich bei ronn 80%, sou d'Direktioun, an d'Begeeschterung op der Säit vun deene Jonken, ass scho bal iwwerdriwwe positiv! D'Monique Kater iwwer eng Schoul, déi d'Ambitioun huet, hir Schüler optimal op Beruffer virzebereeden, déi kriseresistent wieren.

D'Aziza Boukha huet de Kommando am Laboratoire d’analyses sensorielle. Dat hei ass nämlech kee Gespills, mee e Cours, deen d'Sënner schäerft, d'Schmaachen, an d'Richen trainéiert. Ze wësse wéi een déi verschidden Elementer identifizéiere kann, ass an dësem Metier effektiv ganz a guer net onwichteg! Esou e Labo wéi deen hei, hätt nach laang net jiddereen, kréie mer erkläert. Et koum souguer schonn eng Klass vu Stroossbuerg heihinner kucken a léieren. Dikrech huet där keen! Mee soss wier hei awer alles identesch mam Éislek, wat d'Formatiounsméiglechkeeten ugeet, erkläert den Direkter Michel Lanners. Am Verglach mat anere Schoulen, respektiv Lycéeën, gëtt et an der Hotelschoul awer e Zeste Praxis.

A genee dat gefält de Schüler; d'Praxis wier en Avantage zu de klassesche Lycée, soen déi, déi d'Schoul gewiesselt hunn. Vum Wiert, also dem Patron vu senger eegener Bar, bis bei Affekot – alles géing, versprécht d'Hotelsschoul; Management a Kommunikatioun gehéiere grad esou hannert d'Diere vum EHTL, wéi Kache léieren. Hausaufgab fir d'Direktioun: Pub a Promo fir sech maachen, an aner Schoule goen a sech presentéieren.

Eng Basis a Richtung kriseresistent Beruffer wier dat. Nom 1. Joer, wou et ebe just 4'es Klasse gouf, ass Wickreng lo prett, fir en neie Joergang Jonk Leit: deenen – an do ass d'Direktioun formell -deenen dës Ausbildung vill Dieren opmécht, sief et am Beruffsliewen, mee och fir weider Etuden. Sech aschreiwen, kann ee vum 16. Juli un, natierlech fir béid Campussen.

Back to Top
CIM LOGO