150 Joer Aline Mayrisch "Eng Fra, déi Initiativ ergraff huet"

Diana Hoffmann
Jeannot Ries
Esou beschreift d’Schrëftstellerin Germaine Goetzinger d'Fraerechtlerin, iwwer déi si d’Buch "Aline Mayrisch-De-Saint-Hubert 1874-1947" geschriwwen huet.
150 Joer Aline Mayrisch
Esou beschreift d’Schrëftstellerin Germaine Goetzinger d’Fraerechtlerin, iwwer déi si d’Buch “Aline Mayrisch-De-Saint-Hubert 1874-1947" geschriwwen huet.

Um Cover vum Buch kuckt eng Fra mat zesummegebonnen Hoer, engem Hutt an engem Mantel mat Rimm drop riicht an d’Kamera. Et ass d’Aline Mayrisch. En Numm, dee ville Lëtzebuerger wuel wéinst dem Lycée Aline Mayrisch um Geesseknäppchen e Begrëff ass. Iwwert dës Fra gëtt et awer vill z’erzielen, wéi d’Buch mat senge 504 Säiten an 1,3 Kilo schonn ane léisst. Ze soen, et wier eng engagéiert Fra gewiescht, géing net duergoen, mengt d’Autorin vum Buch, d’Germaine Goetzinger.

“Dat war wierklech eng Fra, déi nei Iddien entwéckelt huet, déi sech agesat huet, déi Initiativen ergraff huet”, seet d’Schrëftstellerin an taucht an d’Geschicht vum Personnage an. Besonnesch d’Fraen zu Lëtzebuerg hätten hir ganz vill ze verdanken. Ugefaange bei der Educatioun.

Besser Bildungschancë fir Fraen

An der Zäit an där d’Aline Mayrisch gelieft huet (1874-1947) sinn d’Meedercher aus guddem Haus, no der Primärschoul an eng sougenannten “Höhere Töchterschuhle” gaangen, also an d’Sainte Sophie. Weider op d’Uni konnte si awer net. “Fir d’Aline Mayrisch, déi selwer gär studéiert hätt, awer net konnt, war et onwarscheinlech wichteg, dass d’Meedercher Zougang zu der Uni kriten an domadder zu liberale Beruffer”, betount d’Germaine Goetzinger. Also huet d’Aline Mayrisch mat hire Suen a mat Hëllef vu Kontakter 1909 de Meedercherslycée gegrënnt. Dräi Joer Zäit hat si deemools, fir ze beweisen, dass esou eng Schoul néideg wier. Schonn no zwee Joer huet de Staat de Meedercherslycée iwwerholl. Haut heescht dëse Lycée Robert Schuman.

Weider Engagementer war d’Initiatioun vun enger Carrière Infirmières visiteuses fir Fraen. Haut géing een do vun Assistantes sociales schwätzen. Oder och den Opbau vun enger Maternité wou d’Fraen ënner optimale Bedéngunge konnten hier Kanner op d’Welt bréngen - ob se bestuet waren, oder net. Haut steet dëst Gebai awer net méi.

Wat de karitative Beräich concernéiert, war d’Aline Mayrisch och extrem engagéiert, dat zesumme mat hirem Mann, dem spéideren Arbed-Generaldirekter Emile Mayrisch (1862-1928). Dësen huet 1914 zesumme mat Frënn d’Croix-Rouge Lëtzebuerg gegrënnt. Also zum Ufank vum 1. Weltkrich. “An hirer Villa zu Diddeleng, am Wunnhaus um Däich, wou haut Büroe vun der Croix-Rouge am fréieren Arbed Casino sinn, do war e Krichslazarett. An do goufe Blesséierter behandelt, souwuel Däitscher, wéi och Fransousen. An dat war fir déi Zäit exzeptionell”, ënnersträicht d’Germaine Goetzinger. Am Literaturarchiv zu Miersch géing ee Bréiwer fannen, wou Leit Merci soen, déi zu Diddeleng behandelt gi sinn. D’Aline Mayrisch gouf méi spéit och Präsidentin vun der Croix-Rouge.

Literatur war e weideren Dadda

Bicher waren eng Leidenschaft vun der Aline Mayrisch. “Si huet Kontakt zu den Auteure gesicht an dës agelueden”, sou d’Schrëftstellerin. D’Auteure wieren dann op Diddeleng op de Kräizbierg komm, wou diskutéiert gouf. Méi spéit waren dës Receptiounen dann am neie Wunnsëtz um Kolpecher Schlass. Si selwer huet och geschriwwen. Vun den zwee Romaner, déi si ugefaangen huet, huet si awer keen zu Enn bruecht. Doriwwer eraus huet si och Iwwersetzunge gemaach, wéi déi vum däitsche Mystiker Meister Eckhart, deen am spéide Mëttelalter gelieft huet. D’Iwwersetzunge ware vum Mëttelhéichdäitschen an d’Franséischt.

D’Spuere vun der Famill Mayrisch fanne sech haut nach op där enger oder anerer Plaz. D’Familljenhaus zu Diddeleng gouf zu engem Kannerheem ëmfunktionéiert. Haut ass do d’Fondatioun Kräizbierg ënnerbruecht, wou Mënsche mat enger Behënnerung schaffen. De Wunnsëtz vun der Famill am Schlass Kolpech, wou se nom 1. Weltkrich gelieft huet, gouf der Croix-Rouge verierft. Haut steet d’Schlass awer eidel.

D’Buch vun der Germaine Goetzinger, wat 2022 op Däitsch erauskomm ass, wäert vun Enn September un och op Franséisch an de Librairien ze fanne sinn.

Back to Top
CIM LOGO