
"La Caverne du Pont Neuf" ass den Titel vum JR sengem neien, monumentale Konschtwierk. Et ass 120 Meter laang, 20 Meter breet an 18 Meter héich. Him géing et drëms goen, "Réies a Wëlles nieftenaner ze stellen" an esou "en Dialog tëscht Vergaangenheet a Géigewaart" ze schafen.
Déi immersiv Installatioun ass vum 6. Juni un, ronderëm d'Auer, dräi Woche laang op. Bannenan héiert ee Kläng, déi vum fréieren Daft-Punk-Museker Thomas Bangalter entwéckelt gi sinn. D'Reaktiounen an der Populatioun si gedeelt. Déi eng si begeeschtert, anerer kënnen dem Projet net vill ofgewannen.
Dem JR säi Projet ass 40 Joer no der Installatioun vun der Kënschtler-Koppel Christo a Jeanne-Claude entstanen, déi de Pont Neuf deemools komplett agewéckelt haten.
