Fréiere Block vun der BGL-BNP-Paribas Den neie Quartier Kennedy-Park - eng urban Entwécklung um Kierchbierg

Dan Wiroth
De fréiere Block vun der BGL BNP Paribas gëtt de Kennedy Park, en Immobiliëprojet, dee Wunnen, Schaffen a Fräizäit matenee verbënnt.
© BPI-Real Estate
PDF Kennedy Park

De Promoteur BPI-Real Estate, vum Kennedy Park um Kierchbierg setzt och op ee grousse Park fir d’Allgemengheet, De Projet ass ressourcëschounend an eng Mëschung aus Wunnen a Schaffen.

Grouss Gréngfläch fir jiddereen

Um Kierchbierg, op der Plaz vum fréiere Siège vun der BGL-Bank, entsteet mam Kennedy Park ee vun de gréissten urbanen Entwécklungsprojeten zu Lëtzebuerg. D’Hallschent vum Site gëtt zu engem grousse Park, dee fir d’Allgemengheet zougänglech ass.

 Sébastien Labis - Country director BPI:  "Kennedy Park, c'est un projet de plus de 3 hectares, avec principalement un parc d'un hectare et demi qui va être ouvert au public, ce qui n'est pas du tout le cas aujourd'hui“ . 

D’ursprénglech Gestaltung vum Park vum Landschaftarchitekt Jacques Wirtz bleift zum Deel erhalen, mat neie Spillplazen a Raim fir d’Familljen:

S.L: "On va surtout conserver l'esprit du parc existant conçu par l'architecte Wirts et on va réaménager notamment avec des espaces de jeux pour enfants et tout ce qu'il faut pour passer des bons moments en famille“ .

Mëschung aus Wunnen, Schaffen a Fräizäit

Ronderëm de Park ginn aacht nei Gebaier gebaut, dorënner Büroen, Wunngebaier, e Colivingsgebai an en Hotel. D’fréier Soussolle vun der BGL ginn ëmgenotzt, hei entsteet e Fräizäit-Zentrum mat Bowling, Klammen a virtuelle Welten.

S.L: "Effectivement, sur place, il y aura un centre de loisirs d'à peu près 5.000 m2 qui vient en fait de la réutilisation d'une' partie des sous-sols existants, toujours dans la philosophie de réemploi du site de décarbonation de nos constructions“ .

Ressourceschounung a Klimaschutz am Fokus

D’Promoteure setzen op Ressourceschounung: 60 Prozent vun der aler Gebai-Struktur ginn erhalen, wat d’CO2-Emissioune ëm 30 Prozent reduzéiert.

S.L: "Il faut savoir que plus de 99 % des matériaux qui constituaient le bâtiment initial vont être soit réemployé, soit recyclé. Donc, comme vous pouvez le voir, tout est trié sur site. Donc l'acier est séparé du béton“ . 

Energieeffizient Léisunge wéi Wärmepompelen a Photovoltaik sinn och geplangt.

Mat engem Investissement vu méi wéi 200 Milliounen Euro a mat der geplangter Fäerdegstellung Enn 2028 bis Ufank 2029 ass de Kennedy Park e bedeitende Projet fir d’Stad an d’Land.

Deemno wäert een dann och Ufank 2029 analyséiere kënnen, wat vun dësem Projet, deen den Ament just op Pabeier an an enger Computer-Animatioun existéiert, herno an der Realitéit och wierklech ëmgesat gouf.

Back to Top
CIM LOGO