Portugisesch Justiz ermëtteltZwee franséisch Kanner warscheinlech vun hirer Mamm am Bësch ausgesat ginn

RTL mat AFP
Nodeems zwee Kanner vun 3 a 5 Joer opfonnt gi sinn, deiten éischt Ermëttlungen drop hin, datt d'Jonge vun hirer Mamm an där hirem neie Partner an engem Bësch zréckgelooss gi sinn.
Déi portugisesch Autoritéiten ermëttelen am Fall vun den ausgesate Kanner aus Frankräich
Déi portugisesch Autoritéiten ermëttelen am Fall vun den ausgesate Kanner aus Frankräich
© LUIS BOZA/NurPhoto via AFP

Zwee kleng Kanner aus Frankräich, déi um Bord vun enger Strooss a Portugal fonnt gi sinn, si warscheinlech vun hirer Mamm an engem Bësch ausgesat ginn. De Parquet vu Colmar huet Ermëttlungen ageleet. D'Mamm vun den 3 a 5 Joer ale Jongen, déi zu Colmar ugemellt ass, wier verschwonnen a géif "intensiv" gesicht ginn, sou de Procureur d'État Jean Richert géintiwwer der Noriichtenagence AFP.

De Papp vun de Jongen, dee vun der Mamm getrennt lieft, hat sech no der Nouvelle, datt d'Kanner fonnt gi wieren, bei der Police gemellt an eng Plainte gemaach. D'Famill vun der 41 Joer aler Fra hat d'Verschwanne schonn den 11. Mee gemellt. Dem Parquet no konnt hire Wee vu Frankräich iwwer Spuenien a Portugal suivéiert ginn, mee et wier awer net zu engem Kontakt komm.

Och déi portugisesch Autoritéiten hunn Ermëttlungen ageleet. D'Mamm an hire neie Partner wieren deemno mat de Jongen an e Bësch gefuer, hätten hinnen d'Aen verbonnen a gesot, si sollen eng Spillsach sichen. Duerno wier d'Koppel mam Auto fortgefuer an hätt d'Kanner eleng gelooss. Déi kräischend Jonge si spéider vun enger portugisescher Koppel um Bord vun enger Strooss fonnt ginn. Mat Hëllef vun enger franséischer Frëndin um Telefon hätte se sech verstännegt an dunn d'Police geruff. D'Jongen, déi Rucksäck mat Waasser, Kichelcher a Kleedung, awer keng Pabeieren dobäi haten, wieren duerno fir Ënnersichungen an e Spidol komm.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO