
Well si déi eenzeg Kandidatin fir de Poste war, war keng Ofstëmmung néideg. Obwuel d'LSAP-Politikerin nach sou laang Deputéiert bleiwe wäert, bis si am Staatsrot assermentéiert ass, huet si awer scho mat e puer Wierder op hir Zäit am Parlament zeréckgekuckt:
"Et ass een emotionale Moment, ech kommen net ronderëm awer ze soen, datt ech ganz dankbar sinn, dat ass dat, wat ech haut empfannen, fir déi Zäit konnten hei ze verbréngen. Et sinn Debatte gewiescht, Meenungsverschiddenheeten, et ass ëmmer am géigesäitege Respekt ofgelaf. Wéi sou Villes léiert een eng Institutioun réischt richteg kennen, wann ee bis dran ass, et gesäit een hannert d'Kulissen, et gesäit een, wat d'Aarbecht ass. Mir huet déi Zäit ganz vill bruecht, ech soen Iech alleguerte Merci fir d'Ënnerstëtzung!"
D'Paulette Lenert gouf am Oktober 2023 fir d'éischt an d'Chamber gewielt. Do virdru war si 5 Joer laang Member an der Regierung an do responsabel fir d'Entwécklungszesummenaarbecht, de Konsumenteschutz an d'Gesondheet, dat obwuel si 2018 net mat an d'Wale gaange war. Am Staatsrot iwwerhëlt si de Poste vum Affekot Yves Wagener, deen no 6 Joer demissionéiert huet.
Aller Viraussiicht no dierft de Ben Streff als Nächstgewielten op der LSAP-Ostlëscht an d'Chamber noréckelen.