
En Auto krut do e Bam ze paken. Zwou Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanze vu Mäertert an Iechternach an d'Corpse vu Biwer a Mäertert.
Ugefaange mat engem Accident, e Freideg den Owend géint 17.30 Auer zu Klierf um "Klatzewee". Do ass e Kand op d'Strooss gelaf a gouf vun engem Auto ugestouss a liicht blesséiert. D'Fuererin krut trotz minimaler Vitess, wéi d'Police präziséiert, net méi mat Zäite gebremst. D'Ambulanz vun Ëlwen an d'Klierfer Rettungsdéngschter waren op der Plaz.
Zu Eschduerf, an der Huuscht koum et no 18 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto. Wéinst engem entgéintkommende Gefier, dat iwwerholl hat, huet de Chauffer vum Auto misse schaarf bremsen. De Motocyclist hannendrun huet probéiert auszewäichen, huet den Auto gesträift a krut duerno deen anere Won ze aken. De Motocyclist ass mat senger Maschinn gefall a gouf liicht verwonnt.
Op der A13 tëscht Éilereng a Lankelz ass en Auto accidentéiert, woubäi ee Blesséierten ze bekloe war. Geschitt ass dat Ganzt e Samschdeg de Mueren um 2.15 Auer.
An da krute sech nach zu Miersch, um Belval, zu Veianen an zu Stroossen all Kéiers 2 Gefierer ze paken. Och hei gouf all kéiers eng Persoun blesséiert. Ee weidere Blesséierten nach zu Käl, do ass no 8.30 Auer en Auto an e Bam gerannt.