
Geschitt war den Tëschefall géint 21.15 Auer op der Esplanade zu Waasserbëlleg.
De CGDIS huet matgedeelt, datt se direkt op d’Plaz geruff gouf. De Sauvetage aquatique konnt eréischt eng Stonn méi spéit d’Läich aus dem Waasser zéien.
Am Police-Bulletin kuerz virun 12 Auer huet d'Police da matgedeelt, dass e Sonndeg kuerz no 21 Auer gemellt gouf, dass eng Persoun an d'Musel gesprongen a kuerz drop do um Waasser gedriwwe wier.
Eng Enquête soll elo déi genee Ëmstänn klären.
Nieft dem Sauvetage aquatique vum CGDIS waren och de Samus-Noutdokter, an och de Groupe de support psychologique op der Plaz.