Coronavirus zu LëtzebuergEng Persoun gestuerwen, vun 9.394 Tester waren der 127 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 820 geklommen ass.
© RTL

Aktuell si 11 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 640.604 Impf-Dosisse genotzt. 1.684 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 4.938 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO