Coronavirus zu LëtzebuergEng Persoun gestuerwen, vun 9.699 Tester waren 80 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 813 geklommen ass.
© RTL

Aktuell si 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner 15 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.112 aktiv Infektiounen. 67.824 Persoune gëllen als geheelt.

An de leschte 24 Stonne goufen 782 Leit eng éischte Kéier an 3.704 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 329.390 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,60. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO