
Do virdru goufe si vun enger Grupp vu 5 jonke Männer ugeschwat. Ee vun de jonke Männer war immens opdrénglech an huet och zwou Persounen agresséiert. Dono si si geflücht, deen Ament ass den Affer opgefall, datt ee seng Halskette geklaut krut. Si sinn hinnen nogelaf an hu wärenddeem och d'Police informéiert. D'presuméiert Täter sinn all fonnt ginn.
Géint 22.20 Auer en Donneschdeg den Owend gouf et dann ee weidere Virfall. Hei krut eng Persoun op der Stater Gare seng Wäertsaache geklaut. Hie gouf vun 3 Persoune menacéiert, eng dovun hat e Messer. D'Täter waren dono geflücht, d'Police huet se trotz Sichaktioun net méi fonnt.