Accident zu WuermerEng Persoun huet sech mat enger E-Trottinett iwwerschloen

Andy Brücker
E Sonndeg de Moien huet sech eng Persoun blesséiert, wéi se zu Wuermer mat enger E-Trottinett gefall ass.
Vill vun den E-Trottinetten, déi aktuell ënnerwee sinn, kënne méi séier fueren, wéi gesetzlech erlaabt.
© RTL-Archiv

D'Police gouf e Sonndeg de Moie géint 11:40 Auer alertéiert, well et an der Rue Principale zu Wuermer en Accident mat enger E-Trottinett gouf. Éischten Informatiounen no huet de Chauffer d'Kontroll iwwert seng Maschinn verluer an huet sech dunn iwwerschloen. De Chauffer gouf dobäi verwonnt an huet mussen an d'Spidol bruecht ginn.

D'Police huet festgestallt, dass d'E-Trottinett vill méi séier fuere konnt, wéi gesetzlech erlaabt ass. De Chauffer huet op säi Gefier verzicht an et gouf e Protokoll geschriwwen.

2 Blesséierter um Méindeg de Moien

Kuerz viru 8 Auer huet et um Val Ste. Croix zu Stroossen gerabbelt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz no 9 Auer war et eng Kollisioun vun zwee Autoen an der Allée John Leonard zu Miersch. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO