
De presuméierten Abriecher konnt säitens der Police direkt gestallt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Och zu Esch gouf e Samschdeg an 2 Wunnenge vun engem Komplex agebrach. D'Täter sinn an d'Wunnengen eragaangen, hunn d'Saachen duerchwullt a si mat de geklaute Saache fortgelaf. D'Virfäll goufe protokolléiert an Ermëttlungen an d'Weeër geleet. Weider Abréch goufen et zu Rammeldang, um Houwald an zu Jonglënster.