
A Freideg am spéiden Nomëtteg krut d'Police en Déifstall an engem Geschäft um Boulevard Raiffeisen zu Gaasperech gemellt. Den éischten Informatiounen no wieren hei Schmink-Produite geklaut ginn. Eng Patrull vun der Police konnt de presuméierten Täter op der Plaz untreffen an déi geklaute Produite bei him sécherstellen. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Hien hat e Samschdegmoie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Iwwerdeems mellt d'Police zwee Fäll vun Déifställ aus Gefierer:
E Freidegmëtteg hunn Onbekannter ënner anerem eng Jackett aus engem Gefier an der Rue Michel Engels am Rollengergronn geklaut an e Freidegowend ass eng Fënster vun engem Gefier an der Rue Sosthene Weis am Paffendell ageschloe ginn. Hei hunn d'Brigangen ënner anerem e Laptop a Sue geklaut.
A béide Fäll leeft eng Enquête.