Dat vun enger Partie Betriber, Organisatiounen a Biergerkooperativen. An der Haaptsaach bitt E-Community deenen, déi eng Solaranlag hunn, d’Méiglechkeet, dee Stroum dee se ze vill produzéieren, onkomplizéiert an zu faire Präisser weiderzeginn.
Iwwer d’E-Community-Plattform soll zum Beispill eng Persoun, déi am Süde wunnt, a via Solarpanelen um Haus Energie produzéiert, Stroum mat engem Familljemember am Éislek kënnen deelen. Dat nämmlecht soll och an enger Strooss méiglech si, wou d’Energie vu vereenzelte Photovoltaik-Anlage vu méi Stéit an der Noperschaft ka genotzt ginn.
Fir 50 € gëtt ee Member op der Plattform a kritt dann eng Part vun der Cooperative, déi déi legal Struktur duerstellt. Pro Kilowatt Stroum d’Stonn deen dann iwwert d’Plattform ausgetosch gëtt bezilt een nach en klengen Deel fir de Service. Och méi al Solaranlagen, déi nach funktionell sinn, mä lo aus der finanzieller staatlecher Ënnerstëtzung erausfalen, kënnen iwwert d’E-Community-Plattform weider nohalteg produzéieren a verdeelen.
Nieft Solarenergie wäert E-Community och Stroum vu Wandmillen a Biogasanlagen austauschen. Et hätt ee scho konkret Projeten an der Pipeline. A gutt engem Mount soll d’Plattform operationell sinn.