
Sechs Blesséierter mellt de CGDIS bei engem Accident e Freideg den Owend kuerz viru 17 Auer zu Esch an der Arbedsstrooss. Zwee Ween hate sech do ze pake kritt. Zwou Ambulanzen an och de SAMU waren op d’Plaz geruff ginn. Géint 17.30 Auer dunn och en Accident tëscht zwee Autoen am Rond-Point Bleesbréck. Zwee Verwonnter gouf et hei.
Auto géint Bam mat engem Blesséierten um 18.40 Auer op der Streck tëscht Kielen an Ollem.
Eppes virun 21 Auer haten en Automobilist an en Deier kee Gléck op der Saarautobunn tëscht dem Tunnel Markusbierg a Munneref. Do gouf et eng Kollisioun an den 112 mellt och eng Persoun, déi blesséiert gouf.
Um 3.40 Auer e Samschdeg de Moie war en Auto zu Esch an der Avenue de la Gare an eng Mauer gerannt. Hei koum keng Persoun zu Schued. Um 4.20 Auer gouf et de selwechten Zenario mat engem Blesséierten tëscht Bungeref a Bungeref-Millen.
E Samschdeg de Moie géint 7.20 Auer gouf et dunn nach emol dräi Blesséierter op der N8 tëscht Bruch a Recken, nodeems do zwee Autoen net laanschtenee komm sinn. Dräi Ambulanzen aus Lëntgen an aus der Nordstad waren op der Plaz.
E Samschdeg kuerz viru Mëtteg gouf et en Accident tëscht 2 Autoen tëscht Bartreng an dem Tossebierg. Eng Persoun gouf hei verwonnt.
Da waren d’Pompjeeën nach e Freideg den Owend um 18.45 Auer zu Schëffleng an der Cité Emile Mayrisch am Asaz. Do gouf et e Feier an engem Haus. Eng Persoun hat eng liicht Dampvergëftung.
Um 19.40 Auer haten zu Waarken an der Bierdener Strooss iwwerdeems zwee Autoe gebrannt.