Belsche Kinnek kënnt op LëtzebuergEng Visitt mat héijer Bedeitung fir eis belsch Noperen

Jeannot Ries
Vum 15. bis de 17. Oktober sinn de belsche Kinnek Philippe an d'Kinnigin Mathilde op Invitatioun vum Grand-Duc op offizieller Visitt hei am Land.
Staatsvisitt vu belscher Kinnekskoppel
Vum 15. bis de 17. Oktober sinn de belsche Kinnek Philippe an d'Kinnigin Mathilde op Invitatioun vum Grand-Duc op offizieller Visitt hei am Land.

Grouss Evenementer geheien hire Schied viraus. Déi nächst Woch ass d'Kinnekskoppel aus der Belsch op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. Just ee Mol wärend sengem Règne mécht e Kinnek vun der Belsch esou eng Visitt op héchstem Niveau an engem Land. 6 Méint am Viraus sinn d'Preparativen ugelaf an iwwert déi huet de belschen Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg e Freideg op enger Pressekonferenz Detailer ginn.

Et ass eng Visitt mat enger ganz Héijer Bedeitung fir ons direkt Noperen. D'Delegatioun aus der Belsch wäert aus ronn 200 Leit bestoen. Vu Politik, iwwer Wirtschaft an Educatioun, bis Kultur. Am Kader vun der Preparatioun, huet d'Fro dominéiert, wei béid Staatscheffen an Zäiten, wou Europa an der Kris ass, e positive Message ronderëm d'Belsch-Lëtzebuergesch-Zesummenaarbecht vermëttele kënnen, sou de belschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Jean-Louis Six.

De Jean-Louis Six huet och e klengt Geheimnis bekannt ginn. Mat deem déi belsch Autoritéiten hir Lëtzebuerger Homologen kloer iwwerrascht hunn. Um éischten Dag, en Dënschdeg, kommen de Kinnek an d'Kinnigin vun de Belsch an d'Delegatioun, déi se begleeden, mam Zuch vun der Bréisseler Gare du Luxembourg aus op Lëtzebuerg. De Grand-Duc Henri wäert deemno säi Cousin op der Stater Gare ëmfänken. Duerno sti protokollaresch Amenter virum Palais um Programm. Am Virowend ass eng Receptioun an der Stater Gemeng. Owes invitéiert de Grand-Duc an de Palais.

Den zweeten Dag, mëttwochs, hunn de Grand-Duc an de Kinnek vun de Belsch Rendez-vousen um Härebierg, wou ënner anerem en Hommage u béid Demineure geplangt ass, déi am Déngscht ëm d'Liewe koumen. Spéider gi béid Staatscheffe bei der SES zu Buerglënster an an der Abtei Neimënster erwaart. Owes offréiert de belsche Kinnek e Concert an der Philharmonie.

Um drëtten Dag, donneschdes, ginn net manner wéi 23 bilateral Accorden ënnerschriwwen. Iert d'Rees déi héich Gäscht op d'Musel féiert. Eng Visitt wärend där Themen wéi d'Digitalisatioun, d'Nohaltegkeet, awer och d'Raumfaart respektiv déi Audiovisuell Zesummenaarbecht mat am Mëttelpunkt stoe wäerten.

Back to Top
CIM LOGO