
D’Uni Lëtzebuerg stoung an deene leschte Méint a Woche vill an der Kritik. Dat wéinst Favoritisme, Harcèlement a well d’Prozeduren net agehale ginn, sief et bei Recrutementer oder Promotiounen.
Am Kader vun dëse Virwërf gëtt elo méi ewéi een Audit gemaach. A fir déi ze zortéieren, hu mir Iech hei déi wichtegst Froe beäntwert.
D’Uni hat selwer op de villen Drock an deene leschte Méint reagéiert, an huet en externen Audit ugekënnegt. Mee d’Deputéiert vun der Héichschoulkommissioun waren am Januar net impressionéiert dovun, datt d’Uni dee selwer an Optrag gëtt, well den Auditeur normalerweis deem follegt, deen e bezilt. Dorops huet d’Ministerin Stéphanie Obertin du reagéiert an en externen Audit versprach, deen de Ministère bezilt. Déi zwee sollen - op mannst an der Theorie - ënnerschiddlech Saache kucken.
Graff vereinfacht kuckt den Audit vum Ministère och, ob am Conseil des gouverneurs, dem Rektorat, an den anere Gremien, also bei de Cheffen, d’Gesetz an d’Reglementatioun agehale gouf zanter 2018. Wärend fir dee vun der Uni, de Conseil des gouverneurs an d’Rektorat - also d’Cheffen – soen, d’Organisatiounspraktiken an d’Aarbechtsklima gi gekuckt. Am Detail ass et awer schwiereg, fir eng kloer Trennung ze gesinn. An dofir sot de Sven Clement vun de Piraten no der Sëtzung: “Soyons sérieux, d’Gouvernance-Probleemer leeden zu Personalprobleemer. An d’Personalprobleemer decken d’Gouvernance-Probleemer op.”
De Sven Clement an anerer hätten et léiwer, et wier een eenzegen, groussen, externen Audit gemaach ginn. Mee d’Deputéiert hunn en Dënschdeg och nach aner Probleemer opgeworf. Déi Gréng Deputéiert Joëlle Welfring huet zum Beispill d’Onofhängkeet a Fro gestallt, well d’Auditeuren all Woch Rapport maache musse beim Ministère. Si fënnt dee Suivi e bëssen ze vill enk.
Ëmmerhi sot d’Ministerin Stéphanie Obertin awer no der Reunioun, datt de Regierungskommissär bei der Uni, Léon Diederich, an och hire Conseiller Romain Martin, dee Proff op der Uni war, net am Comité de pilotage sinn.
D’Deputéiert kritiséieren och, datt d’Auditeure just mat Leit solle schwätzen, déi Deel vun där Gouvernance, also vun de Muechtstrukture sinn, sief et Doyenen, Departementscheffen oder Membere vum Conseil universitaire. D’Recherchë vun der Press hu jo gewisen: Fir op déi Posten ze kommen, geet et net ëmmer demokratesch zou.
Lo ass awer kaum z’erwaarden, datt zum Beispill en Departmentschef, deen duerch eng manipuléiert Wal säi Poste kritt hätt, den Auditeure géif soen: ‘Ha! Ech setzen hei, well d’Wale manipuléiert goufen.’ Dat ass en décke Probleem. Oder een aus dem Conseil des gouverneurs seet: ‘Jo, ech hunn hei en Interessekonflikt, vun deem ech bis elo näischt gesot hunn. Schreift dat lo op, fir an ären Audit.’
D’Liz Braz vun der LSAP sot no der Entrevue: “Ech denken, dass hei musse concernéiert Leit zu Wuert kommen, Leit, déi bei der Uni geschafft hunn, gekënnegt hunn, déi haut nach do schaffen, déi iwwer Whistleblowing-Ulaf stellen, hir Doleancë schonn zu Wuert komme gelooss hunn, déi vläicht och schonn iwwer Geriichter gefuer sinn. Ech mengen, dass dat wierklech déi Leit sinn, déi ee muss mat héieren, fir deen Audit kënnen iwwert d’Gouvernance opzestellen.”
Beim Audit vum Ministère ass also net virgesinn, datt esou Leit gehéiert ginn. Mee dee vun der Uni, do sollen awer méi Leit zu Wuert kommen. Do stelle sech d’Deputéiert allerdéngs Froen, ob se fräi kënne schwätzen.
D’Françoise Kemp vun der CSV sot: “Datt vill Leit Angscht hunn an datt een dat wierklech seriö muss huelen, datt se sech net méi trauen, hir éierlech Meenung ze soen. An datt een do wierklech ganz virsiichteg muss sinn an hinne garantéieren, datt do keng Repressialien kommen.”
Den David Wagner vun déi Lénk huet och Kontakt mat Leit vun der Uni, déi Probleemer denoncéieren, a gesäit dat änlech: “An da missten se matmaache bei engem Audit, dee vum Conseil de Gouvernance, dee selwer am Zentrum vum Stuerm steet, commanditéiert gëtt. Do stellt sech d’Fro, ob d’Leit wierklech matmaachen an dat soen, wat se wëlle soen, och wa se Assurance kréien.”
Dee vum Ministère, dee soll just 10 Wochen daueren. Wat och e bësse knapps ass, wann een d’Tâche seriö hëlt. Dee misst also virum Summer fäerdeg sinn. Fir dee vun der Uni, do soll de Kalenner réischt mat der Methodologie vun den Auditeuren opgestallt ginn, steet am Cahier de charge. Dat dauert also nach.