
De President vun der Gewerkschaft Patrick Remakel huet betount, dass et an de Schoulen esou net weidergoe kann. D’Enseignanten hätten es genuch, si wiere midd an deelweis esouguer ausgebrannt.
Verhalensopfälleg Schüler a Schülerinnen a Gewalt an der Schoul wieren hautdesdaags net méi d’Ausnam. Reegelméisseg misst d’Police an d’Schoul kommen. Dem SNE no géif et net genuch spezialiséiert Personal ginn, dat den Enseignante bei esou schwéiere Klassen zur Säit steet, respektiv et géif falsch agesat ginn. Verschidde Kanner missten och temporär baussent de Schoulen therapéiert ginn, esou de Patrick Remakel.
Bei déi ganz komplizéiert Situatioun kéim elo de Projet Alpha dobäi, also d’Alphabetiséierung op Franséisch. Den SNE ass net prinzipiell dogéint, awer d’Reform dierft “net esou” iwwer d’Bün goen. Et géif nach net genuch Evidenz ginn, wat fir en Impakt se op de Sproochenniveau vun de Kanner am Lycée wäert hunn. D’Schoulorganisatioun géif nach méi komplizéiert ginn. De Manktem vun Enseignanten a Klassesäll wier ze akut, fir d’Reform praktesch ëmzesetzen, warnt den SNE-President. D’Enseignantsgewerkschaft erhofft sech nach Ännerungen, wuelwëssend, dass de Gesetzprojet mat breeder Majoritéit duerch d’Chamber komm war.
