
Deen ass am Januar als President vun der Bankegewerkschaft Aleba zeréckgetrueden.
D’Rumeuren zirkuléieren zanter Dezember, also am Optakt vun der Campagne fir d’Sozialwalen déi elo an engem Mount sinn. Parallel gouf et am Dezember zwou Entloossunge bei der Aleba. Erklärungen heizou ginn et vum François Aulner.
Wat ass geschitt ?
Zwee fest Mataarbechter vum Bureau Syndical vun der Aleba goufen ëm Chrëschtdag entlooss. D’Gewerkschaft sot ons op Nofro hin, déi zwee hätte géint d’Interessie vun der Aleba gehandelt, méi wëll een net kommunizéieren. Engersäits well eng Gewerkschaft, wéi all aner Entreprise, heiansdo net laanscht Entloossunge kéim an och aner Entreprisen ni iwwert sou eppes am Detail kommunizéieren. Virun allem awer fäert d‘Aleba eng Plainte wéinst Diffamatioun vun den zwee Ex Mataarbechter, wann een d’Ursaach vun der Entloossung ëffentlech matdeelt, wat drop hindeit, datt d’Virwërf ganz schwéier musse sinn.
Ons läit awer och e Bréif vun den zwee Ex-Mataarbechter vum 28. Dezember vir. Si soen, si wieren ëmmer loyal gewiescht, soe se wéisste net firwat se fir „motiv grave“ entlooss goufen a froen den Dialog. Dës weideren erwäne se eng « cellule de gestion de crise », déi op d’Been gesat gi wier, well d’Employéen um Enn mat den Nerve gewiescht wieren. Da geet och rieds vum 24. Dezember, wéi d’Schlässer vun de Büroen vun der Aleba ausgewiesselt goufen.
Extrait aus dem Bréif vun den zwee Ex-Mataarbechter vun der Aleba:
« Nous avons également prouvé notre loyauté dans la délicate histoire de notre Président, dont les rumeurs horribles circulant sur la Place ne vous ont probablement pas échappées ».
Dat si jo schonn aussergewéinlech Zoustänn…
Jo an d’héiert net do op. Am Bréif geet och rieds vun „schreckleche Rumeuren“ déi iwwert de fréieren Aleba President Roberto Scolati op der Finanzplaz géingen zirkuléieren. D’Aleba an d’Banque de Luxembourg wou de Roberto Scolati schafft, hunn ons confirméiert, datt et Rumeure ginn. Ons sinn Ënnerstellungen zougedroe ginn, deenen no de Roberto Scolati Suen an der Bank verontreit hätt an et kommen deels héich Zommen an d’Gespréich. Krass Ënnerstellungen, déi no eise Recherchë sech als falsch oder op d’mannst krass iwwerdriwwen erausstellen.
Krass iwwerdriwwen, dat heescht et ass awer net näischt geschitt?
Nee, d’Banque de Luxembourg huet op Nofro hin erkläert, an ech zitéieren: "am Kader vun den Aktivitéiten vun der « Amicale des employés de la Banque de Luxembourg » - eng Association déi Evenementer fir d’Employéen vun der Bank organiséiert – si verschidden Ecarten – also Feeler – identifizéiert ginn", dat um Niveau vum „suivi administratif“ vun Aufgaben, fir déi ënnert anerem de Roberto Scolati verantwortlech war.
Weider heescht et, datt de Roberto Scolati och ee “Manktem u Rigueur” zouginn huet, d’Feeler séier konnte behuewe ginn, a kengem geschuet ginn ass. Weider Detailer ginn et keng.
D’Rumeure sinn awer kloer iwwerdriwwen, mä eng vun den Erklärunge firwat d’Aleba sech net ëffentlech géint d’Rumeure gewiert huet, läit wuel dorunner, datt de Roberto Scolati sech awer e klenge Feeler virzegeheien huet.
Rumeuren, zwou Entloossunge an d’Demissioun vum President. Gëtt et do en Zesummenhang?
D’Aleba an d’Banque de Luxembourg soen et géing keen Zesummenhang ginn. Offiziell wier de Roberto Scolati aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden. Op der anerer Säit wësse mer, datt de Roberto Scolati och de "commun accord" am Laf vum Joer wäert ophalen bei senger Bank ze schaffen.
Wat feststeet ass: d’Aleba ass aktuell déi stäerkste Gewerkschaft am Banken- an Assurancësecteur. Ee Secteur, an deem eng 48.000 Leit schaffen. Bei de Sozialwale steet hei vill um Spill… an et kann ee sech froen, wien d’Rumeuren an d’Welt gesat huet oder op d’mannst bewosst iwwerdriwwen huet.
Vue déi delikat Period vun de Sozialwalen an déi delikat Situatioun mat den zwou Entloossungen, kann een d’Strausspolitik vun der Aleba duerchaus novollzéien, mä leider bleiwen esou eng Rei Froen ouni Äntwert, woubäi de Roberto Scolati awer nach Kandidat ass fir d'Chambre des Salariés.
De fréiere President vun der Aleba, de Marc Glesener, dee sot ons, datt wann hien nach President wier, da géing hien ëffentlech fir Kloerheet suergen.Suite à la récente démission de Monsieur Robert Scolati du poste de président de l’ALEBA, certaines rumeurs ont été portées à l’attention de la Banque de Luxembourg. Selon ces rumeurs, la démission de Monsieur Scolati ne serait pas liée à des problèmes de santé, mais plutôt à des irrégularités survenues dans le cadre de l’exercice de son activité professionnelle au sein de notre établissement.
Dans ce contexte, la Banque de Luxembourg souhaite préciser qu’elle n’a pas connaissance de raisons autres que les raisons de santé invoquées pour expliquer la démission du poste de président de Monsieur Scolati de l’ALEBA.
Plus précisément, la Banque de Luxembourg ne peut pas confirmer les allégations selon lesquelles cette démission serait liée à des irrégularités ou malfaisances survenues dans le cadre de l’exercice de son activité professionnelle.
Comme tous les employés de la Banque de Luxembourg, Monsieur Scolati est soumis au cadre réglementaire s’appliquant aux employés du secteur financier et aux règles d’éthique et de déontologie de notre Banque. Or, Monsieur Scolati n’a pas fait l’objet d’une enquête ou d’une procédure disciplinaire internes et la Banque n’a pas déposé plainte contre Monsieur Scolati auprès des autorités compétentes, telle qu’eut été son obligation si les allégations susmentionnées étaient avérées.
Cependant, dans le cadre des activités de l’Amicale des employés de la Banque de Luxembourg – une association qui organise des événements récréatifs et culturels pour les employés de la Banque – certains écarts ont été identifiés au niveau du suivi administratif de tâches confiées notamment à Monsieur Scolati. Ce dernier a reconnu un manque de rigueur et les écarts procéduraux ont pu être résorbés rapidement. Ni l’Amicale, ni aucun tiers ne s’en est trouvé lésé.
À date d’aujourd’hui, Monsieur Scolati reste employé par la Banque de Luxembourg.
Artikel: Récktrëtt vum Roberto Scolati bei der Aleba