Den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf huet d’Regierung ënnert anerem gefrot, wat si virgesäit, fir wann den Zentrum keng Deponie méi huet. Bei där zu Colmer-Bierg wier op engem Dag e Rekord vun 141 Camionen an der Schlaang gezielt ginn.
De Problem am Zentrum wier op eng Verlagerung vum aktuelle Manktem un Deponien am Süden zeréckzeféieren, sou d’Carole Dieschbourg. D’Ëmweltministesch sot awer, d’Prozedur fir en neie Site zu Déifferdeng wiere gutt ënnerwee a wann dee Site bis operationell ass, en 10 Joer kéint funktionéieren.
D’Prozedure misste respektéiert ginn, dat wier een notamment de Bierger an der Ëmwelt schëlleg. Op der anerer Säit misst een awer den Entrepreneuren entgéintkommen an dowéinst wéilt een d’Prozedur séier iwwert d’Bün kréien.
D’Carole Dieschbourg hofft, datt mam neien Offallgesetz vun 2018, mat deem d’Entrepreneuren de Lead kruten, fir nei Sitten ze fannen, et méi einfach gëtt, fir eben nei Sitten ze fannen. De Problem géing et schonn zanter den 80er Jore ginn. Vu Regierungssäit aus wéilt een elo proaktiv d’Roll vum Coordinateur spillen.
E Problem stellt sech awer, wann an enger Regioun keng Acteuren, weder Gemengen nach Entreprise sinn, déi de Projet vun enger Deponie wëllen ugoen, mengt de Jean-Paul Schaaf.