MënscherechtskommissiounEt ass een net zefridde mam Covid-Gesetzesprojet

Caroline Mart
Maxime Gillen
Den Artikel iwwert d'"Hospitalisation forcée" wier fir si besonnesch schwéier ze verdaue gewiescht.
Kritik vun der Mënscherechtskommissioun
Den Artikel iwwert d’"Hospitalisation forcée” wier fir si besonnesch schwéier ze verdaue gewiescht.

Avis iwwert d’Covid-Gesetz - Rep. Maxime Gillen

D’Situatioun ass net méi akut, ma de Virus ass nach ëmmer do. Den Etat d’urgence ass de 24. Juni eriwwer, ma eng Rei Reegele bleiwen. Deemno mussen eng Rei Reglementer, déi wärend dem Etat d’urgence decidéiert goufen, eng nei legal Basis kréien. Den entspriechende Gesetzesprojet huet sech dann och d’Mënscherechtskommissioun ugekuckt an huet nach eng ganz Partie Lacunne fonnt.

Den Artikel iwwert d’Hospitalisation forcée wier fir si besonnesch schwéier ze verdaue gewiescht, esou de Max Mousel, Jurist vun der Mënscherechtskommissioun. Konkret gesäit dësen Artikel nämlech vir, dass de Procureur d’Etat – op Demande vum Direkter vun der Santé – eng infizéiert Persoun kann zwéngen an d’Spidol ze goen. Dat wann dës Persoun eng Gefor fir d’Gesondheet vun aneren ass a refuséiert vun Doheem fortzegoen. Eng Mesure, déi der CCDH no, en immens groussen Agrëff an déi perséinlech Fräiheeten ass an déi d’Regierung onbedéngt nach eng Kéier sollt iwwerdenken.

Ausserdeem géif den aktuellen Text net kloer definéieren, wou dës Leit da géifen zwangshospitaliséiert ginn: “Fir eis ass dat inakzeptabel esou. Déi Plaze musse ganz kloer definéiert an encadréiert ginn. An et dierf och zum Beispill op kee Fall sinn, dass eng Persoun an eng geschlosse Psychiatrie gestach gëtt, nëmme well se e sanitäre Risiko fir aner Leit kéint duerstellen.”

Probleemer gesäit d’CCDH iwwerdeems och beim Dateschutz. De Gesetzesprojet gesäit vir, dass eng ganz Rei Donnéeë vun infizéierte Persounen, respektiv vu Leit, déi am Verdacht stinn infizéiert ze sinn, gesammelt ginn. D’Mënscherechtskommissioun fuerdert an deem Kader ënnert anerem, dass kloer festgehale gëtt wien wéini a firwat op dës Donnéeën zougegraff huet.

Ausserdeem misst am Gesetz stoen, wéi laang dës Donnéeën dierfe gehale ginn, esou d’Annamarija Tunjic, Juristin bei der CCDH :"Wat d’Fro ugeet, wéi laang dës Donnéeë kënne gespäichert ginn, ënnersträiche mir vehement, dass déi aktuell Formulatioun vun ‘la durée nécessaire pour prévenir et combattre le Covid-19' vill ze vage ass a mir insistéieren drop, dass eng kloer zäitlech Limitt an de Gesetzestext stoe kënnt. Eiser Meenung no misst hei och en Ënnerscheed gemaach ginn tëscht den Donnéeë vun infizéierte Leit a vun deene Leit, wou dat nëmmen ugeholl gëtt. Soubal een negativ getest gëtt, sollten dës Donnéeë geläscht ginn.”

Et ass um Enn also en enttäuschende Bilan, deen de President vun der Mënscherechtskommissioun, Gilbert Pregno, hei zitt: “Et muss ee soen, dass mir net zefridde sinn doriwwer. D’Zil, dat gestach ginn ass, gëtt net erfëllt. Et ass e Gesetzestext, deem feelt et u Prezisioun. Et ass e Gesetzestext, dee keng Rechtssécherheet gëtt. Et sinn eng ganz Rei Moossnamen, déi net proportionell sinn a wou een och net weess, wéi déi sollen ëmgesat ginn.”

Professer Stefan Braum am RTL-Interview: “Zwangshospitalisatioun muss ofgeschaaft ginn oder däerf net an d’Gesetz kommen”

Back to Top
CIM LOGO