Vu "Schissi" bis "schäiss"En Audit suergt am Ierpeldenger Gemengerot fir méi hefteg Diskussiounen

Marc Hoscheid
Méi konkret d'Fuerderung, datt deen Audit iwwert déi fréier Onzefriddenheet beim Gemengepersonal an d'Konsequenzen doraus publik gemaach sollte ginn.
Am Ierpeldenger Gemengerot ass et nawell héich hier gaangen.
© Domingos Oliveira

An der Gemeng Ierpeldeng-Sauer suergt een externen Audit, deen eng grouss Onzefriddenheet ënnert dem Personal opschaffe sollt, weider fir Diskussiounen. An der rezenter Gemengerotssëtzung gouf gefuerdert, Deeler vun deem Dokument ëffentlech ze maachen, an du goung et nawell e bëssi méi héich hier.

Clinch wéinst Audit an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer / Reportage: Marc Hoscheid

De Conseiller Laurent Lacour hat dem Schäfferot schonn Enn August eng ganz Partie schrëftlech Froen zoukomme gelooss, op déi hien ee Mount méi spéit dann och schrëftlech Äntwerte krut. Woubäi de Laurent Lacour der Meenung war, datt hien zwar ee Retour awer ebe keng Äntwerte krut, dowéinst huet hien an der Gemengerotssëtzung en Dënschdeg nach eng Kéier nogehaakt. Hie wollt zum Beispill, datt d'Commission d'accès aux documents, kuerz CAD, ëm een Avis gefrot géing gi fir ze klären, ob den Audit integral oder an enger adaptéierter Versioun verëffentlecht kéint ginn. De Schäfferot huet op den Avis vun engem Affekot verwisen, deem no dat net méiglech wier an et och kee Sënn maache géing, mee ganz ofgesinn dovu wéilt een den Audit einfach net publik maachen. Dem Buergermeeschter Claude Gleis ass dann och eng Kéier liicht de Kolli geplatzt.

"Ech ka just den Appell un de Gemengerot maachen, komm mir maache Rou hei an där Gemeng, mir halen endlech op mat deem Schissi hei. Dat haut, dat nervt fuerchtbar an dat kënnt wierklech just vun enger Persoun hei um Dësch an dat kënnen d'Leit alleguer nolauschteren a si verstinn et och alleguer a si kennen dech souwisou scho laang, Laurent. Soss häss du, well du bass ee Gudden eigentlech, mee du hues eng schäiss Manéier, fir ëmmer ze stëppelen an dat hunn d'Leit net gär, dat hu se der well eng Kéier bei de Wale gesot."

D'Argument, datt den Audit een internt Dokument wier an dowéinst net publizéiert kéint ginn, wollt de Laurent Lacour op alle Fall net gëlle loossen:

"Fir lo hei ze soen, ech géing stänkeren, jo, dat géing ech an ärer Plaz och maachen, well bei iech sténken d'Lompen. An da kënnt rëm dobäi, ären Affekot klasséiert dat nach ëmmer als Communication interne, e gëtt eng Nummer un a wann ech déi Nummer kucke ginn, da fält mer op, datt den Tribunal administratif och schonn do tranchéiert huet an zur Conclusioun komm ass, datt eng Communication interne zu deem Moment net méi interne ka sinn, wann een externe Prestateur dru matschafft."

Hie géing zwar voll a ganz d'Meenung vum Schäfferot deelen, datt keng perséinlech Informatioune vum Gemengepersonal an d'Ëffentlechkeet kommen dierften, mee d'Fro no der politescher Responsabilitéit misst awer eng Äntwert kréien. Déi gouf et awer op d'mannst zum Deel scho vum Schäffe Fränk Kuffer.

"Mir hu Feeler gemaach, mir hu sécher Feeler gemaach, och déi virdrun, och déi virdrun hu Feeler gemaach, et souz nach een do, deen ass lo net méi do, och déi hu Feeler gemaach, soss wier et scho guer net sou wäit komm, soss hätte mir guer näischt domadder ze doe gehat. An jo, mir hu Feeler gemaach, a mir hu lo alles gemaach, fir datt dat besser gëtt, do ass immens gutt geschafft ginn, och vun deem, deen den Audit gemaach huet, deen huet mat de Leit sou gutt zesummegeschafft, d'Leit mat deem."

Datt Feeler vum Schäfferot gemaach goufen, huet och de Claude Gleis confirméiert, et gouf awer och kloer ënnerstrach, datt dowéinst keen zerécktriede wäert. Et hätt een an der Tëscht nämlech bei der interner Organisatioun eng Partie Saache verbessert an d'Stëmmung wier lo och richteg gutt. Um Enn goufen dem Laurent Lacour seng Fuerderungen, datt een Avis bei der CUD soll ugefrot an d'Resultater vum Audit an d'Ännerungen dono publizéiert solle ginn, mat 7 Nee-Stëmme bei enger Enthalung an enger Jo-Stëmm zeréckgewisen.

De Laurent Lacour ënnersträicht awer, datt hien d'Saach net op sech beroue loosse wäert. Hie géing driwwer nodenken, fir déi Versioun vum Audit, déi him virläit, selwer ze publizéieren. Dat awer just ënnert der Konditioun, datt d'Privatsphär vum Gemengepersonal respektéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO