Déi Gréng gesinn den Impakt vun der Klimakris esou zimmlech iwwerall, sief dat, dass et engem, a senger Wunneng, an der Schoulbänk oder an Klinicken an Altersheimer schlecht gëtt vun Hëtzt, dass deen, deen dobaussen an der Sonn schafft, et net méi packt, oder och dass de Bauer geschwënn net genuch Fudder fir seng Béischte wäert hunn. Eenzel Mesurë bréngen hei näischt, sou déi Gréng, mee dofir bräicht een eppes dat dofir suergt, dass alles harmonesch zesummepasst.
All Ministère hätt seng Legitimitéit, sou de Meris Sehovic. En Zesummeleeë vu Landwirtschafts- an Ëmweltministère wier eng Diskussioun, déi zu näischt géing féieren. De Problem wier net, wéi vill Ministèren et géing ginn, mä ob se géifen zesummeschaffen. Haut wier dat net de Fall, seet de Gréngen Deputéierten, dobäi bräichte mer den Asaz vun der ganzer Regierung.
"Wéi eng Konsequenzen huet déi Hëtzt op d’Aarbechtsgesetzgebung, wéi musse mer eis Baureegelen upassen, fir datt eis Gebaier och an Zukunft liewenswäert bleiwen, wéi kënne mer eis Waasserressourcen an eis Natur besser schützen. A wéi stelle mer sécher, datt déi Leit, déi déi mannste Méiglechkeeten hunn, sech selwer schütze kënnen a net op der Streck bleiwen."
D'Djuna Bernard, ganz frësch en Charge vum Landwirtschaftsdossier, gesäit d'Bauere wuel als Affer vum Klimawandel, mä och als déi, déi dozou bäidroen. Beim neien Agrargesetz misst dofir de Fokus op gesonde Biedem leien, déi méi Waasser späicheren, op Hecken, fir méi Biodiversitéit, als Instrument géint d'Pestiziden.
"Déi Baueren, déi dës Verännerung um Terrain ëmsetzen, déi mussen dovunner kënne gutt liewen. Ëmwelt a Klimaschutz däerfen net einfach zu zousätzlechen Ufuerderungen ginn, mee si mussen och eng wirtschaftlech Perspektiv fir d'Betriber bidden."
Nach ëmmer keng Mobiliséierungstax, keng méi héich Grondsteier an och keng Tax op dat, wat eidel steet.
Positiv nennt d'Sam Tanson allerdéngs de Fait, dass dat nationaalt Bautereglement ewell um Instanzewee wier. Manner komplizéiert fir deen, dee baut an dat da méi séier kéint, och am Intressi vun der Ëmwelt, wat d'Geneemegungen ugeet.
Allerdéngs wëssen déi Gréng an och d'Gemengen, wéi laang eng weider Ännerung vun hire PAGen, de Bebauungspläng wäert daueren. Un deenen, déi 2017 fälleg waren, gëtt deels haut nach ëmgeschriwwen.
D'Terraine solle séier disponibel sinn, mee d'Bauqualitéit misst esou sinn, dass en Objet esou laang wéi méiglech hält, sou déi Gréng, déi wëssen dass verschidde Gemengen am Schafe vu Wunnenge ganz vill Efforte maachen. Anerer awer net, an déi misste responsabiliséiert ginn. Do géif et, wat den Asaz vun der Regierung ugeet, nach Loft no uewen.
D'Josée Lorsché sëtzt elo fir d'Joëlle Welfring an der Chamber a këmmert sech ëm d'Santé a speziell ëm déi mental Gesondheet. An der Woch vun der mentaler Gesondheet huet si d'Retarde bei der Prise en charge kritiséiert:
“Besonnesch Kanner a Jugendlecher si betraff. Si mussen deelweis Méint, heiansdo esou guer e Joer op eng psychiatresch Prise en charge oder Psychotherapie waarden. Fir eis ass dat net akzeptabel, well d'Probleemer sech meeschtens mat der Zäit verschäerfen, mat ville negativen Konsequenzen op de Schoulparcours."
Déi Gréng fuerderen och, datt d'Psychotherapie bis 25 Joer komplett rembourséiert gëtt.
Deemnächst géif eng Proposition de loi deposéiert, déi d'Walrecht bei de Gemengewalen op 16 Joer erof wëllt setzen . Dëst ass eng Fuerderung vum Jugendparlament. Déi Gréng sinn der Sam Tanson no der Meenung, "dass et grad och elo a politesch méi komplizéierten Zäiten extrem wichteg ass, d'Participatioun vun deene Jonken z'ënnerstëtzen. Mir deelen net déi Aschätzung, datt déi Jonk net à même sinn, fir matzedecidéieren, wéi mer d'Zukunft vum Land solle gestalten."
Wat d'Staatsfinanzen ugeet, sinn déi Gréng der Meenung, datt et an onsécheren Zäiten net responsabel wier, d'Staatsschold weider an d'Luucht ze setzen.