Mëtt September gouf den Institut National de Recherches Archéologiques, kuerz Inra, duerch de Bauhär vun engem Schantjen zu Ettelbréck kontaktéiert. Si hätte Schanke vun engem Mënsch op der Baustell fonnt. Doropshin huet sech den Archeolog Sebastian Olschok zesumme mat senger Equippen de Skelett an d Buedemschichten doriwwer fir d éischt emol ugekuckt. Dobäi hu se Keramikstécker aus dem 19. Joerhonnert fonnt. E Bléck an d'Archiver huet du méi verroden.
De Sebastian Olschok, Archeolog INRA: "Wir haben den Urkadaster, der ist 1824 geziechnet worden, das heißt da ist noch kein Friedhof drauf und die nächste Karte ist von 1905 da ist der Friedhof nicht mehr drauf und die Bahn hat den überbaut, aber wenn man dan in die Recherche einsteigt dann findet man tatsächlich raus, hier war mal ein Friedhof und deswegen ist es sehr warscheinlich dass das dieser Friedhof ist."
Dës Erkenntnis war interessant genuch, fir weider Ënnersichungen an Ausgruewungen anzeleeden. Mee wat erwaart ee sech dorausser a wat geschitt duerno mat de Schanken?
"Wir haben Knochen mit Operationsmarken, das ist ne ganz interessante Fragestellungen wo wir schauen können welche medizinischen Operationen waren mögelich und wie sieht man das in der Bevölkerung auch im Friedhof selber. Wenn wir die Knochen fertig bearbeitet haben dann werden die wieder bestattet."
De Kierfecht, deen tëschent 1824 an 1877 am Gebrauch war, soll bis zu 1.000 Griewer ëmfaasst hunn. Tatsächlech war de Site awer net optimal dofir:
Den Yves Claude, Archivist vun der Gemeng Ettelbréck: "Iwwerschwemmungen, mir si jo hei direkt nieft der Sauer an der Uelzecht. En cas d'innondation ass et esou, dass d'Waasser dann iwwer de Kierfecht gaangen ass a wann do viru kuerzem Doudeluede begruewe gi sinn, dann ass de Buedem weggeschwemmt an da sinn Doudelueden zum Virschäi komm"
Ob d'Ausgruewungen e Retard am Zäitplang vum Schantje provozéiere géingen, beäntwert de Sebastian Olschok mat engem klore Jo. Hie betount awer, dass d'Ausgruewungen integral vum Inra géinge bezuelt ginn, well de Bauhär, d'CFL, alles virbildlech gemellt hätt.