Observatoire de la Politique Climatique"Et ass Zäit fir ze handelen an zwar elo"

Claudia Kollwelter
Dat huet den Observatoire fir Klimapolitik, kuerz OPC, den Donneschdeg de Moie bei der Presentatioun vun hirem Joresrapport ënnerstrach.
OPC: "Et ass Zäit fir ze handelen an zwar elo"
Dat huet den Observatoire fir Klimapolitik, kuerz OPC, den Donneschdeg de Moie bei der Presentatioun vun hirem Joresrapport ënnerstrach.

De Rapport wier anengems och eng gutt Geleeënheet, fir der neier Regierung eng Partie wichteg Messagë mat op de Wee ze ginn, huet de President vum OPC, den Andrew Ferrone, betount. Ënnert anerem wënscht den Observatoire sech e Klimabeoptraagten, deen ënnert dem Premier schaffe soll.

Datt een do ass, deen no all de Ministèrë kuckt a kuckt, ob wierklech ëmgesat gëtt, wat am Klimaschutz wichteg ass. Datt all d’Ministèren u Bord geholl ginn.”, esou de President vum OPC Andrew Ferrone.

Donieft sollt de Klimabiergerrot permanent agesat an ausgebaut ginn. An de Schoulen, mee och bei de Staatsbeamte misst méi op d’Educatioun a Punkto Klima gesat ginn.

Datt een am tronc commun awer och an der Formatioun Continue de Sujet Klima an Ëmwelt méi staark an de Fokus sëtzt, wat hëlleft, verschidde Mesuren dono ëmzesetzen.

E wichtege Volet wier dann de Finanzsecteur, deen eng Strategie mat konkreten Ziler bräicht. Dobäi dierft een net just kucken, wat d’Banken hei zu Lëtzebuerg maachen, mee op hire Footprint.

Deen net ëmmer ganz kloer ass, well d’Banken, déi hunn natierlech bewosst oder onbewosst verschidde verstoppten Investissementer, déi beim Footprint net berécksiichtegt ginn. Do brauch een Transparenz an dat fir de ganze Secteur hei zu Lëtzebuerg.

D’Finanze missten dem Andrew Ferrone no méi klimaresilient opgestallt ginn an allgemeng bräicht een einfach eng aner Gouvernance, fir d’Emissiounen erofzesetzen, Ekosystemer ze regeneréieren a méi nohalteg ze ginn.

© Didier Weber / RTL

Back to Top
CIM LOGO