Äntwert op parlamentaresch FroEt bleift an de Lycéeë bei de Semesteren

RTL Lëtzebuerg
Op d'mannst eng vun de Coronamesurë bleift an de Lycéeë bestoen: nämlech d'Organisatioun no Semesteren, déi am Secondaire gëllt an och bestoe bleift.
© RTL-Archiv

Dëse Rhythmus war wärend der sanitärer Kris agefouert ginn, fir de Schoulstress ze reduzéieren.

Fir d'"Voie de Préparation" ass et un de Schoule selwer ze decidéieren, ob een nom Trimester- oder Semester-Rhythmus wëll fueren.

An der Grondschoul gëllt iwwerdeems och am neie Schouljoer weider d'Trimester-Organisatioun.

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéiert Francine Closener preziséiert den Educatiounsminister weider, datt nach net fix decidéiert ass, wéi et dann an Zukunft mat der Organisatioun vun de Schoul-Rhythme weidergeet. Heiriwwer soll am Laf vum nächste Joer eng breet Consultatioun geschéien. Also doriwwer, ob no Semesteren oder Trimestere gefuer gëtt.

Back to Top
CIM LOGO