
De Christian Wester vun der Bauerenzentral sot e Freideg de Mueren als eisen Invité vun der Redaktioun, dat Zil wier illusoresch, well haut eréischt 5% vun de Baueren ëmgestallt hunn. D'Biobaueren dogéint si frou, dass et virugeet.
D'Daniela Noesen vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft reprochéiert dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider virun allem, dass alles ze laang dauert.
Daniela Noesen: D'Koalitiounszil ass 2018 scho festgeluecht ginn, mir haten 2019 direkt ugerappt an haten ee Workshop offréiert, wéi mir dat kéinten ëmsetzen, an dann huet et nach ee Joer gedauert, bis de Bioaktiounsplang endlech komm ass.
Donieft bedauere si, dass d'Biobauere selwer, also d'Leit aus dem Secteur, net géife genuch agebonne ginn.
Daniela Noesen: Dass si hir Erfarung och do wierklech kënne mat abréngen. An och kënne soen, wat fir eng Richtung ass do méi wichteg, wou misste mer vläicht Prioritéite sëtzen. Wéi kënne mer Mäert entwéckelen, wei kënne mer d'Bauere motivéieren, ëmzestellen, wéi kréie mer d'Gesellschaft mat op de Wee, dass si och sensibel dofir ginn.
Verschidde Baueren hätten Interessi, op Bio ëmzeklammen, an d'Méiglechkeete wieren do. Et bräicht een dofir awer Hëllef vu politescher Säit.
Daniela Noesen: D'Politik muss hei elo de Kader setzen a virginn, wéi dat muss ëmgesat ginn. Dat geet net eleng duerch eng Erhéijung vun de Bioprimmen, mä et geet jo och ëm de gesamte Kader: Vermaarktungsméiglechkeeten ze schafen, gemeinsam Weeër fannen, fir ze sensibiliséieren, fir d'Baueren zur Ëmstellung ze mobiliséieren
Datt Lëtzebuerg et fäerdeg bréngt, an den nächste 4 Joer 20% Biobaueren ze hunn, wier sécher ambitiéis, mä duerfir awer net illusoresch.
Daniela Noesen:Et geet dorëms, sech ambitiéis Ziler ze setzen. Ob mer déi definitiv elo kënnen erreechen an deem Zäitkader, dee mir hunn, dat ass sécherlech schwiereg. Mä fir mech ass dat net onbedéngt ausschlaggebend. Ausschlaggebend ass, dass mir endlech ufänken, eppes an déi Richtung ze maachen.
D'Daniela Noesen hofft, dass de Christian Wester als neie President och neie Wand an d'Bauerenzentral bréngt, fir hir Zesummenaarbecht an Zukunft ze verbesseren. Am Sënn vun der Ëmwelt misst jiddereen zesummen un engem Strang zéien.