Dat heescht, dass ee sech vu 5 Auer moies bis owes um 23 Auer nees dierf bei d’Musel stellen, fir gedëlleg drop ze waarden, dass vläicht een ubäisst. Wat esou muncher engem romantesch ka virkommen ass awer eng Fräizäitbeschäftegung, déi sech och u Reegele vum Ëmweltministère muss halen.
Zu Waasserbëlleg fëscht ënnert anerem och de Rudolf. Hie fiert Vëlo a weess wat op der Musel leeft. Den David Buscemi ass passionéierten, aktive Raubfësch-Jeeër, dee seng Begeeschterung fir ze Fësche scho vum Bop matkrut.
Vum hallwe Juni un dierf also nees gefëscht ginn. Op der Lëtzebuergescher Säit, wuelverstanen. Fir d’Fëscher an Däitschland gëllen aner Reegelen, erkläert den David Buscemi.
“Dat hei ass Grenzgewässer. Do gëtt et och eng Grenzgewässerkommissioun, déi mengen ech e bësse schlofen, well et eeben zwee verschidde Länner sinn, wou si sech drëms këmmeren. Do wäert déi Kommunikatioun warscheinlech net esou sinn, wéi se soll sinn. Dat ganzt huet och ze di mat de Schounzäite vun de Fësch.”
A genee hei géing et u Kompetenz feelen – an u Kontrollen, esou den David Buscemi. Wéi mir hei gefilmt hunn, war d’Schounzäit nach am Gaang. An awer géif gefëscht ginn, iergert sech de Spezialist. Vill Leit géifen sech net un d’Kontrollen halen, well esou seele Kontrolle gemaach géifen.
“Eigentlech missten hei staatlech unerkannte Kontrolleure sinn. Wann ech elo op der Sauer ënnerwee sinn, oder um Stau ënnerwee sinn, dat ass guer net virgesinn. Et ass keen do, dee kontrolléiert.”
E Samschdeg de Mëtten zu Meechtem – mat ronn 38 Grad laanscht d’Musel - hat kaum ee Loscht op eng Partie Fësch-fänken. Wat dann nach d’Auerzäiten ugeet, wou een dierft d’Angel an d’Waasser puchen, wieren och déi net ze legitiméieren. Engem Fësch wier et dach egal, um wéi vill Auer hien an d’Netz geet.